Jamaika zum Katastrophegebitt erkläert
En Dënschdeg ass den Hurrikan Melissa mat Wandstäerkte vu bis zu 295 km/h op déi ëstlech jamaikanesch Küst getraff.
Et war de stäerksten Hurrikan, deen um Inselstaat an der Karibik zanter dem Ufank vun den Opzeechnunge jee gemooss gouf. Virun allem an der Stad Saint-Elizabeth mat ronn 150.000 Awunner ass et zu uergen Iwwerschwemmunge komm. Berichter no wieren dräi Leit gestuerwen, genee Zuele sinn awer nach net gewosst.
Den jamaikanesche Premier Andrew Holness huet Jamaika nom Hurrikan zum Katastrophegebitt erkläert. Dat gëtt der Regierung d’Méiglechkeet, Hëllefs- a Rettungsmesuren ze koordinéieren an och Hëllef am Ausland unzefroen. Donieft goufen d'Awunner opgefuerdert, wéinst dem Risk virun Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher weider a Schutz ze bleiwen. No der Arrivée un der Küst gouf de Stuerm iwwert der Insel liicht ofgeschwächt an nees zréck an d'Kategorie 4 agestuuft.
Trotzdeem weisen international Biller déi ganz Zerstéierungskraaft: vum ville Wand goufe Beem, Diech an deels och ganz Haiser oder Hütten ewechgeblosen. Och ëffentlech Infrastrukture, wéi Schoulen oder och Spideeler, goufen duerch den Hurrikan beschiedegt.
Den Hurrikan Melissa ass aktuell op der südëstlecher Küst vu Kuba ukomm a gouf mëttlerweil op d'Kategorie 3 erofgestuuft.

















