"D'Klimapolitik ass fir si just e Klotz um Been vun der kapitalistescher Verwäertungsmaschinn."

D’Klimapolitik als "Klotz um Been vun der kapitalistescher Verwäertungsmaschinn"

Dat sot de lénken Deputéierten David Wagner um Mëttwoch an der Chamber iwwert déi Europäesch Kommissioun. Seng Partei huet d'Aktualitéitsstonn iwwer d'Klimakonferenz COP30 ugefrot. Déi Lëtzebuerger Regierung géing an déi nämmlecht Richtung wéi d’EU goen an d'Klimaziler net eescht genuch huelen. Dobäi kéint och e klengt Land déi politesch Richtung vun enger EU beaflossen. Dat fannen och eng ganz Rei ONGen, déi sech e Mëttwoch de Moie virun der Chamber fir eng Maniff zesummefonnt hunn. D'Plattforme "Votum Klima2 an d'"Initiative pour un devoir de Vigilance" hunn de Rassemblement organiséiert. Hir Fuerderungen un d'Politik sinn däitlech. Lëtzebuerg misst “Suen op den Dësch leeën”, esou, den David Hoffmann vun der ASTM. Hie geet selwer mat op d'COP30 a Brasilien. Esou kéint de Grand-Duché hëllefen, d’Vertraue mat de Länner aus dem globale Süden nees hierzestellen a fir e verantwortungsvolle Klimafinanzement suergen.

Fir de Jean-Louis Zeien vun der "Initiative pour un devoir de Vigilance" ass et dann och besonnesch wichteg, dass "och déi responsabiliséiert ginn, ëm déi et geet zu engem groussen Deel." Et kéint een d’Responsabilitéit net op d’Leit ofwälzen, mee virun allem sollten d’Entreprisen hir Verantwortung iwwerhuelen.

Ier et mat der Debatt lass goung, wollten d’Plattforme "Votum Klima" an "d’Initiative pour un devoir de Vigilance" d’Politiker a Politikerinne sensibiliséieren. Eng Partie Deputéiert sinn op hirem Wee an d'Chamber och stoe bliwwen. Déi fréier Ëmweltministesch an haut Deputéiert Joëlle Welfring kritiséiert, dass d'Regierung net koherent géing handelen. De Premier Luc Frieden géing hirer Meenung no net kloer genuch weisen a wéi eng Richtung et goe soll. "Do komme keng visionär Aussoen." Si bedauert, dass zwar gesot gëtt, dass de Klimaschutz wichteg ass, ma de Wuelstand vun de Betriber dann awer Virrang hätt. Richteg geplangt, wier Ëmweltschutz eng Chance fir d'Entreprisen. Dat géing een an der Automobilindustrie gesinn. Wann d'Ëmstellung op nei Technologië gebremst gëtt, géingen aner Länner eis iwwerhuelen, wéi dat den Ament mat den Elektroautoen aus China de Fall ass, esou nach déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring.

Den CSV-Deputéierte Paul Galles huet awer betount, dass d'Regierung op der COP30 eng ambitiéis Positioun géing anhuelen an anescht wéi aner Länner, d'Klimaziler net wëll erofschrauwen. Hie präziséiert awer, dass d’Klimapolitik den Ament e “ganz schwéiere Stand huet vis-à-vis vun der Defensepolitik an der Wirtschaftspolitik”. Hie wéilt de Stand vun der Klimapolitik awer verdeedegen. D’Chamber geet dëst Joer net op d’COP30 a Brasilien, well et dem Paul Galles no “onheemlech deier” ginn ass. Domadder wéilt een e “ganz klengt Zeechen” setzen. Et wéilt een awer trotzdeem als Chamber present sinn, wat d'COP30 ugeet, wéi zum Beispill duerch Chamberdebatten.

Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet virun den Deputéierten dann nach betount, dass Lëtzebuerg weiderhin op eng gemeinsam Strategie mat der EU setzt, fir d'Klimafroen unzegoen.