Et läit e Projet beim CGDIS um Dësch, fir de Fonctionnement vum Service d'Aide Medicale Urgente, kuerz Samu, ze reforméieren.

Sollen an Zukunft och Urgentisten um Samu matfueren? Bis elo hu just Dokteren an Infirmieren dierfe matfueren, déi eng Spezialisatioun an der Anästhesie-Reanimatioun hunn. Ma dat kéint sech elo änneren, wat den Anästhesisten nawell zolidd op de Mo schléit.
 
Dem Verwaltungsrot vum CGDIS läit eng Propos um Dësch, fir den Accès, fir um Samu matzefueren, fir Infirmieren an Dokteren ouni Spezialisatioun an der Anästhesie-Reanimatioun opzemaachen.

Et rumouert beim Samu

Wat war geschitt?

Eng Rei Urgentisten hu sech beschwéiert, datt si mat hirer Spezialisatioun net dierften um Samu matfueren, dat well si net déi néideg Spezialisatioun hätten. Dës hunn Drock gemaach, an doropshi soll elo de Référentiel vum Samu ugepasst ginn, eppes wat de gudde Fonctionnement aus deene leschte 40 Joer géif stéieren, esou stoung et och an engem Communiqué vun OGBL an LCGB. Urgentisten hätten zwar eng gutt Ausbildung mat wichtege Kompetenzen, ma net déi Routine wéi d'Anästhesisten, esou den Dokter Philippe Welter, President vum Cercle vun den Anesthistes-Reanimateurs.

"Schwéier krank Patienten ze iwwerwaachen, Anästhesie vun deenen ze maachen, eppes géint de Wéi ginn och am OP, déi ze geréieren, wou et extreem kritesch ass, ob dat elo schlecht Longen oder e schlecht Häerz ass, dat ass eisen all-day Business. Dat hu si net, well si dat eeben an hirer Praxis hei, op jiddwer Fall hei am Land, dann un eis ofginn. An et ass déi Kompetenz, déi mer och wëllen dobaussen hunn."

Op d'Fro, ob et dann eng Penurie un Dokteren, also och ee Besoin fir eng Erweiderung vun de Kompetenzen am SAMU géif ginn, äntwert den Dokter Welter däitlech:

"Ganz kloer Neen, Anästhesisten hu mer da genuch am Land, an et war an deene 40 Joer och ni eng Kéier e Samu, deen ofgetrueden ass, well keen do ass. A contrario, wann ee bei den Urgentistë freet, déi sichen Urgentisten, et sinn der nach net genuch do. A wann ee lo e bësse mat verschiddene Leit schwätzt, wann déi soe jo: 'wann s de mer deen och elo nach ewechhëls an deen och nach op de Samu setzt, dann hunn ech jo elo guer kee méi, deen an d'Urgence kënnt'."

Anescht wier et bei den Infirmieren, do hätt de ganze Spidolssecteur Krämpes, fir genuch Leit ze fannen. D'Penurie bei den Infirmiere mat der Anästhesie- a Reanimatiouns-Spezialisatioun wier awer net esou schlëmm wéi an anere Beräicher.

De Binôme vum Dokter an Infirmier mat dëser Spezialisatioun géif dem Dokter Welter no - Zitat - "besser wéi eng Hochzäit" funktionéieren. Dësen esou ze erhalen, wier wichteg, och fir déi héich Qualitéit vum Samu-Service ze garantéieren:

"Eis geet et ëm d'Leit dobaussen op der Strooss, an dofir ass och nach eng Kéier dee Binôme Infirmière-Anästhesist, Medecin-Anästhesist wichteg, well et kënnt Mol och heiansdo vir, dass déi mussen eleng e Patient en charge huelen, wann et der elo puer sinn, Patienten, en Autosaccident zum Beispill oder esou, da si mer frou, wa mer een hunn, ob dee mer eis kënne verloossen, blann, a wëssen: dee kann dat, dee weess och wéi et leeft. An da kënne mer e schaffe loossen, wat elo bei anere Formatiounen elo vläicht net de Fall ass."

Eng Decisioun zum neie Référentiel wäert viraussiichtlech eréischt am nächste Joer falen.
 
RTL huet dann och beim CGDIS fir eng Reaktioun zu dësem Sujet nogefrot, eng offiziell Stellungnam läit nach net vir.