An der Waxweilerstrooss huet en Haus gebrannt

© SISCP - Service d'Incendie et de Sauvetage
D'Pompjeeë si mat schwéierem Otemschutz géint d'Feier virgaangen a konnte verhënneren, datt et sech ausbreet.
Um Sonndeg géint 22.15 Auer goufen déi Péitenger Pompjeeën op e Brand an engem Eefamilljenhaus an der Waxweilerstrooss geruff.
An enger Zëmmer um 1. Stack hat et gebrannt.
D'Pompjeeë si mat Otemschutz géint d'Feier virgaangen an haten d'Flame séier geläscht. Si sinn net op aner Deeler vum Haus iwwergaangen.
D'Haus gouf gutt gelëft an no annerhallwer Stonn konnten d'Pompjeeën nees goen.
De Bewunner war näischt geschitt, si hate sech a Sécherheet bruecht.

© SISCP - Service d'Incendie et de Sauvetage
D'Pompjeeë waren zu 30 Mann a mat 7 Ween op der Plaz, ausserdeem eng Ambulanz vun der Péitenger Protex an d'Police vun Déifferdeng.