De Red-Bull-Pilot huet sech fir d'Course e Sonndeg déi bescht Startplaz geséchert a wëll vun do aus weider Drock op béid McLaren am WM-Klassement maachen.

E Samschdeg den Owend huet sech de Max Verstappen am Qualifying vum Grousse Präis vun Amerika d'Pole Position geséchert. Den Hollänner start e Sonndeg zu Austin domat virum Lando Norris an dem Charles Leclerc. Den aktuelle WM-Leader Oscar Piastri ass dogéint net iwwert déi 6. Plaz erauskomm.

Um fréie Samschdegowend war et an der Sprintcourse en Debakel fir McLaren ginn, wärend de Max Verstappen profitéiere konnt. 

Resumé

Séier eriwwer war de Qualifying fir den Isack Hadjar vun de Racing Bulls. De Fransous huet kuerz nom Depart d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an duerch d'Kollisioun mat der Mauer de Roude Fändel ausgeléist. No e puer Minutte Paus war et da fir de Rescht weider gaangen, woubäi sech d'Favoritten all fir de Q2 qualifizéiere konnten. Net iwwert de Q1 eraus hunn et nieft dem accidentéierten Isack Hadjar och de Gabriel Bortoleto, Esteban Ocon, Lance Stroll an Alexander Albon net gepackt. Net duergaange fir an d'Top10 war et am Q2 da fir den Nico Hulkenberg. Liam Lawson, Yuki Tsunoda, Franco Colapinto a Pierre Gasly.

Am decisive Q3 ass et dann ëm d'Pole Position gaangen. Bannent deene leschten 12 Minutte vum Qualifying war dem Max Verstappen seng Zäit um Enn net ze klappen a sou fiert den Hollänner e Sonndeg a sengem Red Bull vun der éischter Plaz fort. Hannendru placéiere sech de Lando Norris an de Charles Leclerc.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025