D'Police hat e Freideg den Owend nawell genuch ze dinn. Schold war an dëse Fäll wuel virun allem den Alkohol.

En éischten Asaz gouf et am fréie Freidegowend géint 17.30 Auer an engem Café an der Rue Dicks zu Esch. Eng alkoholiséiert Persoun ass aggressiv ginn an huet sech mat engem Serveur ugeluecht. D'Situatioun ass eskaléiert an et koum zu Handgräiflechkeeten. Well déi betraffe Persoun staark alkoholiséiert war an an hirem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer war, huet d'Police si no engem medezineschen Check-up mat an d'Ausniichterungszell geholl.

Géint 21 Auer gouf der Police dann nach eng alkoholiséiert Persoun op der Gare zu Réiden gemellt, déi do iwwer d'Schinne gelaf ass. Op der Plaz gouf de Mann de Beamte géigeniwwer allerdéngs aggressiv an huet sech net méi calméiere gelooss. Och hie koum no enger Evaluatioun vun engem Dokter an de Passagearrest.

Et war dann och eng onroueg Nuecht fir de Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch, wou d'Police direkt zweemol wéinst staark alkoholiséierte Leit an den Asaz geruff gouf. Géint 21.30 Auer an nach emol géint 5 Auer um fréie Samschdegmoien hunn d'Beamte missen agräifen a Leit aus der Klinick mat an d'Ausniichterungszell huelen.

Alkohol am Stroosseverkéier

E Freideg waren dann och op eise Stroossen eng Rei Leit ënnerwee, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten, a sech nawell hannert d'Steierrad gesat hunn. Dat ass dann och net iwwerall gutt ausgaangen.

Géint 20.30 Auer huet et zu Veianen an der Montée du Chateau gerabbelt, wou een Auto an ee Potto geknuppt ass. Op der Plaz huet d'Police de Chauffer blose gelooss - den Alkoholtest war positiv. Well de Chauffer de Beamte géigeniwwer aggressiv gouf, hu si hie mat op de Policebüro geholl, fir säi Rausch auszeschlofen. Den Auto gouf saiséiert an et gouf ee Protokoll geschriwwen.

Op der A7 a Richtung Zentrum an an der Avenue de la Liberté an der Stad sinn de Beamten dann nach Chaufferen opgefall, déi Schlaangelinne gefuer sinn, dat ëm 1.30 Auer respektiv 0.30 Auer. Béid Chauffere goufe gestoppt an hu missen en Alkoholtest maachen, dee bei deenen zwee positiv ausgefall ass. Si waren hire Fürerschäi lass.

Géint 5.45 Auer huet d'Police op der Place de la Gare an der Stad missen agräifen, wou een alkoholiséierte Chauffer probéiert huet, ee Bus ze iwwerhuelen. Hien dierf sech déi nächst Zäit net méi hannert d'Steierrad sëtzen.