Dacia Product Days
Dacia huet sech an de leschte Jore lues awer sécher zu engem Big Player um Automobilmarché entwéckelt. De Paul Origer huet sech d'Nouveautéiten ugekuckt.
Iwwer 55 Joer gëtt et d’Mark Dacia schonn, mee eréischt zënter 2004, nom Relancement duerch de Renault Group, ass Dacia ee wichtegen Acteur um Autosmarché. Enn 2024 hu si et bis op déi 7. Plaz am Belux gepackt a fir dat et mindestens esou bleift, ass nach vill geplangt. Op den Dacia Product Days zu Paräis duerften d’Journalisten e bëssen an d’Zukunft vun der rumänescher Mark kucken. De Paul Origer war fir eis dobäi.
Dacia gëtt tatsächlech e bëssen ënnerschat, dobäi ass de Succès net ze bremsen!
Absolut. An d’Rezept dofir ass kee Geheimnis: et heescht nämlech Präis-Leeschtung! Eng gutt Qualitéit, genuch Equipementer, een uspriechenden Design zu engem bezuelbaren Tarif. Kee Wonner, dass esou iwwer 9 Milliounen Autoe verkaf an eng Rëtsch Dacia-Modeller zu Referenze goufen. Zum Beispill de Sandero ass de meescht-verkaaften Auto iwwerhaapt zënter 2017, den Duster de Bestseller am Segment vun den SUV zënter 2018 a bei de bezuelbaren Elektroautoen ass de Spring ganz vir bäi!

© Paul Origer
Dofir stoung zu Paräis besonnesch och déi aktuell Gamm am Mëttelpunkt, oder?
Jo, schliisslech wëll Dacia och seng aktuell Cliente bei der Staang halen. An do goung et lass mam Bestseller Duster. Dee kritt nämlech e semi-elektreschen Allradundriff, dat heescht de Bensinner mat Startergenerator iwwerhëlt déi zwee viischt Rieder wärend een Elektromotor sech ëm déi hënnescht Achs bekëmmert. Dat mécht den Duster a säi grousse Brudder Bigster zum spuersamen Hybrid a léisst béid SUV och deels elektresch fueren.

© Paul Origer
En anere Modell bei Dacia, dat hu mer virdrun héieren, ass awer net manner wichteg – an do gouf och eng Schëpp ugeluecht!
Do schwätze mer vum Sandero, zënter 2017 déi absolut Nummer 1 vun der Renault-Duechter. Eleng 2024 goufen iwwer 300.000 Sandero verkaf. Elo gouf et Zäit fir ee Facelift, wou net nëmmen de Sandero mee och de Sandero Stepway an de 7-Sëtzer Dacia Jogger déi nei Nues mat typescher Luuchtesignatur an d’Karosserie-Elementer aus recycléiertem Plastik iwwerhuelen. Dozou gehéiert dann och ee renovéierte Banneraum mat als Highlight engem 10,1-Zoll-Schierm, neien digitalen Instrumenter an de YouClip-Accessoiren, déi scho vun Duster a Bigster agelaut goufen. Vun deenen 2 SUV’s ierwe Stepway an Jogger dann och den Hybrid 155-Motor. An de Choix bleift grouss: Dacia proposéiert och een neien 120 PS LPG-Undriff mat optionaler Automatik an een neie Basismotor.

© Paul Origer
Wa mer vun Zukunft schwätzen, dann dierf awer och d’E-Mobilitéit net feelen!
Richteg, an do gouf et viru 4 Joer mam Spring endlech den Elektroauto fir de klenge Portmonni. Qualitativ a sécherheetstechnesch war deen am Ufank awer net terribel esou dat Dacia stänneg nogebessert huet, bis zum groussen optesche Facelift 2024. Fir d’Modelljoer 2026 stoung nach emol d’Technik um Programm: dem Spring seng Plattform gouf nämlech renovéiert a mat enger neier Batterie bestéckt. Se ännert zwar net vill un der Autonomie vu ronn 300 km, suergt awer fir eng optimal Gewiichtsverdeelung an zesumme mam iwwerschaffte Fuerwierk fir ee bessert Fuerverhalen. Essentiel sinn awer och nei Motoren mat 70 an 100 PS – mat hinne sprint de Spring vill méi séier op 100 a soll ënner 13 Kilowattstonne verbrauchen.

© Paul Origer