Police hëlt zwee weider presuméiert SUV-Déif fest

Symbolfoto. / © Envato
Wéi d'Police e Samschdeg matdeelt, hunn d'Beamten nees zwee Verdächteger kënne festhuelen, déi beschëllegt ginn, eng Rei SUVen geklaut ze hunn.
Déi zwou Persoune ware vun der Police geziilt iwwerwaacht ginn, op hirer Sich nom nächsten Zil. Si haten et op SUVen, also gréisser Autoen, ofgesinn. Duerch d'Observatioun konnten déi zwee vun der Police in flagranti erwëscht a festgeholl ginn.
Bei Perquisitiounen hunn d'Beamten e ganzen Arsenal un elektroneschem Material saiséiert, fir SUVen op- an och unzemaachen. Den aktuelle Stand vun der Enquête beleet, dass déi zwee presuméiert Täter op d'mannst un aacht Volle vu Gefierer hei zu Lëtzebuerg bedeelegt waren, an nach vill méi am Ausland.
Dës Festname si gelongen, nëmmen zwee Deeg nodeems d'Police schonn en éischte Grupp ze pake kritt hat, deen drop spezialiséiert war, SUVen ze klauen.
Der Police no ass d'Land zanter Méint mat spezialiséierte kriminelle Bande konfrontéiert, déi internationale Reseauen ugehéieren.
Fir hinnen op d'Spuer ze kommen, géifen de Parquet, d'Geriicht, d'Spezialunitéit vun der Police an d'Police Judiciaire enk matenee ofgestëmmt schaffen, heescht et am Rapport vun e Samschdeg.
Jugendlecher mat net zougeloossenen E-Scooteren erwëscht
Police mellt dann nach eng weider Infraktioun zu Esch. E Freideg den Owend goufe bei enger Verkéierskontroll am Quartier Nonnewisen dräi Jugendlecher ugehalen, déi mat hiren E-Scooteren duerch d'Géigend gejauft sinn. De Verdacht louch op der Hand, datt d'Gefierer wuel net géifen de gesetzleche Virschrëften entspriechen, esou datt d'Mineure mat hiren Elteren op de Policebüro geruff goufen, fir d'Maximalvitess vun den E-Scooteren ze moossen.
Bei alle Scootere louch d'Maximalvitess wäit iwwert den erlaabte 25 Stonnekilometer. Well domat d'Virschrëfte fir esou Gefierer net erfëllt waren (keng Versécherung, keng Zouloossung, kee Fürerschäin), hunn d'Parteien decidéiert, d'E-Scootere fräiwëlleg ofzeginn.