Wéi d'Police matdeelt, gouf de 74 Joer ale Mann fir d'Lescht e Samschdeg géint 15.35 Auer am Pafendall gesinn.

Wou de Mann fir d'Lescht gesi gouf, hat hien eng blo West un, ee bloe Pullover, eng schwaarz Box an eng beige Kap.

Den eelere Mann ass dement a méiglecherweis duercherneen. Et kéint sinn, datt hie mam ëffentlechen Transport ënnerwee ass.

Wien Informatiounen zu dem vermësste Mann huet, soll sech un d'Stater Police wenden, dat ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per Mail u police.luxembourg@police.etat.lu.