Police-Helikopter mat "Wärmebildkamera" am Asaz, fir Abriecher ze fänken

© Domingos Oliveira / RTL-Archiv
E Freideg den Owend war d'Police an der Géigend vu Weimeschkierch am Asaz, fir Abriecher ze knäppen.
Géint 20.30 Auer gouf de Beamten een Abroch an engem Haus zu Weimeschkierch gemellt. De Besëtzer war mat engem Alarm op sengem Handy gewarnt ginn a konnt den Abriecher a sengem Haus iwwer d'Iwwerwaachungskamera souguer bei hirer "Aarbecht" nokucken.
Wou d'Police bis op der Plaz war, haten d'Täter sech allerdéngs schonn aus dem Stëbs gemaach. Et huet allerdéngs net laang gedauert, ier d'Beamten an der Rue de Kirchberg zwou verdächteg Persounen identifizéiert haten, déi doropshi geflücht sinn. Zu Fouss a mat engem Policemupp hunn d'Beamten d'Poursuite opgeholl.
Och ee Policehelikopter mat Wärmebildkamera war an der Loft a konnt déi Verdächteg schliisslech erëmfannen. Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee presuméiert Abriecher festgeholl a goufen e Samschdeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.
Weideren Déif an der Stad gepëtzt
E weideren Tëschefall gouf e Freideg géint 14 Auer an der Stad an der Rue Joseph Junk gemellt. Do war eng Persoun Affer vun zwee onbekannten Täter ginn, déi si iwwerfall hunn. Déi Kriminell hunn d'Affer an ee Gespréich verwéckelt a wärenddeem de Portmonni aus der Posch geklaut.
D'Police huet sech op d'Sich gemaach a konnt déi zwee Verdächteg stellen, déi mat der Kreditkaart vum Affer schonn akafe gewiescht waren. Op Uerder vum Parquet gouf ee vun de Verdächtege festgeholl a gouf e Samschdeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.