Aacht Persoune blesséiert bei véier Accidenter uechter d'Land
Um Samschdegmoie koum et zu zwee Accidenter, bei deenen all Kéiers dräi Leit blesséiert goufen. Am Laf vum Mëtteg goufen et zwee weider Blesséierter.
Kuerz no Mëtternuecht koum et zu engem Accident mat engem Auto an der Rue de Welscheid zu Waarken. Dräi Persoune goufen dobäi blesséiert.
D'Secouristen aus der Nordstad a vu Réiden op der Atert waren op der Plaz.
E weideren Accident gouf et kuerz virun hallwer 11 Auer op der A13 am Tunnel tëscht Munneref an Altwies. Hei waren zwee Autoe kollidéiert a weider dräi Persoune goufe verwonnt. D'Secouriste vun Uespelt, Munneref, Réimech, Beetebuerg a Schëffleng waren am Asaz.
Foussgänger an der Stad ugestouss
E Samschdeg de Mëtteg um 12.30 Auer gouf an der Stad an der Avenue Monterey eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Eng Ambulanz vu Mamer war op der Plaz.
Um 16.30 Auer hat et dunn nach an der Lonkecher Strooss zu Rodange gerabbelt. Zwee Ween waren anenee gerannt. De CGDIS mellt ee Blesséierten, ëm dee sech eng Ambulanz vu Péiteng gekëmmert huet.