Deiert Lëtzebuerg: Am Verglach zu eisen Nopeschregioune muss een hei fir en Haus oder Appartement e gutt Stéck méi déif an d'Täsch gräifen.

Rezent Analyse vum Observatoire de l’Habitat weisen, datt de Meterkaree-Präis zu Lëtzebuerg am Schnëtt dacks dräimol esou héich ass, wéi an der Groussregioun.

Offer un Appartementer méi grouss wéi Haiser

D'Analys vun den Annoncë weist virop emol, dat hei zu Lëtzebuerg, mat iwwer 60 Prozent, d'Appartementer um Wunnengsmaart dominéieren. 2021, waren et nach nëmmen 53 Prozent.

Déi selwecht Tendenz gëtt och op der anerer Säit vu Musel a Sauer festgestallt. Iwwerdeems an der belscher Wallonie, an an der Lorraine, eng Majoritéit un Haiser ze verkafen ass.

Wat kascht en Haus?

Wat d'Präisser ubelaangt, sou ass bei den Haiser d'Differenz um Meterkaree, virun allem tëscht der Wallonie a Lëtzebuerg, enorm. Mat enger Moyenne vu 5.957 Euro de Meterkaree hei am Land géint nëmmen 1.911 an der Wallonie.

D'Haiser hei zu Lëtzebuerg sinn a Punkto Energiepass méi héichwäerteg wei an eisen dräi Nopesch-Regiounen. Wat d'Gréisst vun den Haiser, déi 2024 an der Vente waren, ubelaangt, sou hunn hei am Land 91 Prozent iwwer 130 Meterkaree. Géingt nëmmen 41Prozent a Loutrengen.
 
Moyenne vum Präis fir en Haus (Meterkaree)

  • Däitsch Grenzregioun      2.492 Euro
  • Wallonie                           1.911  Euro
  • Loutrengen                       2.250 Euro
  • Lëtzebuerg                       5.957 Euro        

Wat kascht en Appartement?

Bei den Appartementer ass Präisdifferenz tëscht Lëtzebuerg an der Offer an der Grenzregioun nach méi grouss. Mat 9.713 Euro de Meterkaree am Schnëtt, leien d'Präisser hei am Land ganz héich. Méi deier, wéi zum Beispill an der Moyenne am Zentrum vu Paräis.

Vir déi selwecht Fläch, bezilt een a Loutrengen praktesch véiermol manner. Wat bei eise franséischen Noperen opfält, ass dat do d'Appartementer generell méi keng sinn, wéi hei am Land, respektiv an den däitschen a belschen Nopeschregiounen. Bal Hallschent vun den Appartementer, déi a Loutrengen an der Vente sinn, hu manner wéi 70 Meterkaree.
 
Moyenne vum Präis fir en Appartement (Meterkaree)

  • Däitsch Grenzregioun      3.645 Euro
  • Wallounien                       2.678 Euro
  • Loutrengen                       2.488 Euro
  • Lëtzebuerg                       9.713 Euro         

Appartementer méi deier wéi Haiser

Eng Etüd, déi och confirméiert, dat an Tëschenzäit de Präis, deen hei am Land am Schnëtt fir en Appartement gefrot gëtt, ëm 3.756 Euro de Meterkaree iwwert deem fir en Haus läit.