Den Henri Poulain, Realisateur vum Documentaire "Les Sacrifiés de l'IA", an d’Journalistin Lili Fernandez waren dës Woch fir e Ciné Debat am Land.

Mir hunn eis mat hinnen iwwer déi verstoppte Problematike vun der generativer KI ënnerhal, déi opgrond vun existenten Daten nei Texter, Biller, Musek oder Contenue crééiert.

"D’Kënschtlech Intelligenz ass ee Mythos. Si ass weder intelligent, nach kënschtlech. Hannendru stiechen Honnerte Milliounen Daten-Aarbechter, Mineralien a Ressourcen", betount den Henri Poulain, Realisateur vum Documentaire "Les Sacrifiés de l'IA", deen op Invitatioun vun der Fondation Partage a Fairtrade Lëtzebuerg zu Besuch war.

Wéi a wou gi Mënschen ausgebeut fir den Algorithmus vun der Kënschtlecher Intelligenz ze trainéieren? Virop a Länner wéi Kenia, op de Philippinnen an Indien, Venezuela... seet dës generativ KI. Fir datt d’KI gutt funktionéiert an Äntwerte generéiere kann, brauch et eben net just Daten. Mee och Mënschen, erkläert den Henri Poulain.

"L’essence de l’IA c’est les données, et ces données brutes elles ont besoin d’être travaillés par des data-workers pour être lisibles. Et ce travail des data-workers, c’est des data-sets."

"Il y a déjà le salaire qui est en général en-dessous du minimum vital. On parle de quelques centimes de l’heure pour exercer des tâches d’annotations de contenus parfois toxiques", ergänzt d'Investigativ-Journalistin Lili Fernandez, déi stonnelaang Interview-Material mat Betraffenen opgeholl huet.

"Datekolonialismus" an technologesche Paradox

Fir ze verhënneren, datt d’KI sech u verbuedene Contenuen inspiréiert, mussen dës vu sougenannten Daten-Aarbechter visionéiert a markéiert ginn. Mat traumatiséierende Konsequenzen, wéi den Documentaire weist. 
Problematesch wier och datt d’Daten-Aarbechter u Geheimhaltungsklausele gebonne wieren. Si dierfte mat kengem iwwer hir Aarbecht schwätzen, mol net mat der Famill. Bei engem Broch géife si Jore Prisong riskéieren

"Au-delà des pressions juridiques, ils ont aussi une énorme pression: de perdre leur travail. Ce sont souvent des personnes extrêmement précaires et vulnérables, qui ont peur de ne plus pouvoir vivre si elles perdent cette source de revenu, qui même en étant faible, est pour certains leur seule source de revenu. Ils sont complètement dépendants de ces tâches."
 
D'Konsequenze wieren eng gewëss Isolatioun an d’Onméiglechkeet, sech zesummenzedoen, fir fir besser Aarbechts Konditiounen ze kämpfen. Zur Wourecht gehéiert awer och: dës Ofhängegkeet ass d’Resultat vun engem Mangel u besseren Aarbechtsalternativen an de Länner vum Globale Süden.

"Je sais pas si ‘est mieux que rien... Ils pourraient décemment payer. Le fait d’invisilibiser, d’effacer du récit la présence même de ces travailleurs les exonère de se poser la question. Mais nous on leur pose la question!"

Den Henri Poulain schwätzt vun "Datekolonialismus" an engem technologesche Paradox. D’Kënschtlech Intelligenz géif d’Spëtzt vum Fortschrëtt duerstellen. Gläichzäiteg wären hir Produktiounsmethoden archaesch a brutal.  

Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen

Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen, dat ass och Zil vun der Fondation Partage a Fairtrade Lëtzebuerg, déi d’Leit zu Lëtzebuerg op d’Schicksal vun de geschaten Honnerte Milliounen Data-Aarbechter am Globale Süden opmierksam wëlle maachen.

Mir brauche méi ee staarke Respekt vun de Mënscherechter an eise Liwwerketten, gëtt de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg, net midd ze betounen. Hie bedauert awer gläichzäiteg, datt och an der EU de Contraire am gaangen ass ze geschéien. Ënnert dem Virwand vun der administrativer Vereinfachung.