• De PLUS

    • Fuerwierk an Handling
    • Klang
    • Ergonomie
  • De MINUS

    • Accès an déi zweet Rei
    • Leschten M2 mat Verbrenner
    • Bal ze Schued fir den Alldag

De klengsten M-Modell vu BMW krut mam Facelift och nach emol e bësse méi Leeschtung. Ob dat och eppes fir den Alldag ass, huet den Akim Schmit erausfonnt.

An dësem Automag steet en Auto am Mëttelpunkt, deen net fir jiddereen a Fro kënnt. Deenen engen ass en ze kleng, deenen aneren ze deier an dem Noper vläicht ze haart. Rieds ass vum BMW M2, deen den Akim Schmit fir eis op Häerz an Nieren testen dierft.

Automag: BMW M2 Facelift

M steet bei BMW fir déi besonnesch sportlech Modeller. An déi kommen, wéi an dësem Fall, nach mat engem Undriff, dee Mënsche mat Bensinn am Blutt ze begeeschtere weess. Dee klengsten M-Modell ass den M2. Deem seng éischt Generatioun gouf 2015 virgestallt, 2023 koum dunn déi zweet Generatioun eraus. A genee déi krut elo e Facelift spendéiert. 

RTL

© Akim Schmit

An deem heite Fall gouf et awer och méi Leeschtung …

Ënnert dem Capot vum stécht en 3.0 Liter Reie-Sechszylinder Bensinner. An dee schéckt bis zu 480 Päerd (353 kW) – dat sinn der 20 méi ewéi virdrun - un déi hënnescht Rieder. D’Schalten iwwerhëlt eng flénk 8-Gang-Automatik an esou bass de a 4 Sekonnen op Tempo 100. An ier sech elo d’Puriste dobausse verschlécken: eng manuell Boîte ass fir e klenge Supplement ze kréien. A wou mer scho bei de Superlative sinn: an der Spëtzt leeft den M2 250 km/h, mam "drivers package" ass eréischt bei 285 km/h Schluss.

Dat kléngt fir mech elo méi no Sportsmaschinn wéi no engem Auto fir den Alldag?

Do kann ech der net ganz Onrecht ginn. Am Fall vum M2 verschmëlzen d’Karosserie vum 2er Coupé mat der Plattform vum M3, an domat och déi jeeweileg Vir- an Nodeeler. Am Alldag huet mer déi gutt Iwwersiicht an den direkten Handling gutt gefall, manner gutt sinn dogéint déi laang Coupé-typesch Dieren an de schwieregen Accès an déi winzeg zweet Rei. Et kann een eben net alles hunn.

RTL

© Akim Schmit

Och beim Fuerwierk muss ee wësse wourop ee sech aléisst: den M2 ass gebaut fir och um Circuit eng gutt Figur ofzeginn. Owes no der Aarbecht kéint dat haart Fuerwierk an déi gëfteg Brems awer och mol ze vill däers Gudde sinn.

Däi Fazit ass also duerchwuess, oder ieren ech mech?

Dat kléngt alles no Gemeckers – ass et awer net! Den M2 ass eng rasseg Sportsmaschinn an am Beruffsverkéier tëscht Bett a Büro definitiv ënnerfuerdert. Wann een awer emol fräi Bunn huet mierkt ee séier d’Qualitéiten ze schätzen. D’Stroosselag ass optimal, d’Steierung direkt, d’Bremse gutt ze doséieren, d’Leeschtung läit ouni Turbolach un an trotz Heckundriff a 480 Päerd kritt den M2 seng Leeschtung op de Makadamm. Ech hu mech u Bord allefalls wuel gefillt.

RTL

© Akim Schmit

A propos u Bord: wéi gesäit et da bannendran aus ?

Sportlech a fuererorientéiert, woubäi den Tableau de Bord mam "Curved Display" wéi bei BMW üblech digital ass. Gutt gefall hu mer déi optional Sportsëtzer mat beliichtem M-Logo an de Kappstäipen. Wiem et net op Euro mee op Gramm ukënnt, ka sech och Carbon-Schuelesëtzer bestellen. Allgemeng mécht de Banneraum awer erëm méi en héichwäertegen Androck wéi dat nach bei de leschte BMW-Testautoe war, déi ech gefuer sinn. Präis-Leeschtung schéngen erëm an den Equiliber ze kommen.

RTL

© Akim Schmit

Woubäi dat jo net heescht, dass den M2 eng gënschteg Affär ass…

Zum engen ass do de Verbrauch: vill Leeschtung heescht beim Verbrenner och vill Duuscht. Am moderaten Alldagstrott louch mäi Verbrauch bei knapp iwwer 10 Liter/100 km. Bei sportlecher Fuerweis léisst sech dat Spilles an d'Luucht dreiwen an da gëtt d’Reechwäit och bei engem Bensinner op eemol en Thema.

Zum aneren ass do nach de Präis: den M2 start bei 77.500 Euro. Mat e puer Klicks am Konfigurator läit ee séier iwwer 90.000 Euro. Et brauch een also Charakter: op der Strooss genee esou wéi beim bestellen.

RTL

© Akim Schmit