3 Persounen aus dem Haus an der Gillardinstrooss hu missen mat enger Dréileeder evakuéiert ginn.

D'Läschaarbechten hunn annerhallef Stonn gedauert. D'Feier hat sech schonn op d'Verkleedung an d'Isolatioun vun der Fassade ausgebreet. Déi ganz Verkleedung huet missen erofgeholl gi fir alleguerten d'Brandnäschter ze läschen.

RTL

© Service d'Incendie et de Sauvetage de la Commune de Pétange

D'Wunnengen goufen mat Iwwerdrock gelëft. D'Leit konnte géint 4:30 Auer nees zréck an d'Haus. Op der Plaz ware 27 Pompjeeë mat 7 Ween, eng Ambulanz, de Samu an d'Police.

RTL

© Service d'Incendie et de Sauvetage de la Commune de Pétange