Gemengenhaus soll Enn 2028 fäerdeg sinn
© Serge Pauly (Archiv)
Mat der Assurance ass een sech eens. Geschwë kéint ee mat den Aarbechten ufänken, sou de Buergermeeschter.
Virun annerhallwem Joer huet et am Gemengenhaus zu Jonglënster gebrannt, esou dass dëst bis haut net méi ka genotzt ginn. Antëscht wier ee mat der Assurance eens, wat de Schued duerch den Incident ugeet, sot de Buergermeeschter Ben Ries op Nofro. Elo kéint e Projet op d’Bee gestallt ginn, deen ee bis Dezember wëllt fäerdeg hunn.
Wann dësen da vum Gemengerot ugeholl gëtt, gëtt e Soumissiouns-Dossier opgestallt. Bis Enn Fréijoer hofft een d’Soumissioun ze verëffentlechen, sou dass kann nom Kollektivcongé mat den Aarbechten ugefaange ginn.
Interne Schätzungen no sollen dës da knapp 2 Joer daueren. D’Gebai vu bausse soll esou zréckgebaut ginn, wéi et war. "Ech si gudder Deng, dass mer Enn 2028 d’Gemengenhaus nees kënnen opmaachen», seet de Ben Ries. Pünktlech fir de Schluss vun der Legislaturperiod.
E Sickerbrand Enn Januar 2024 war duerch Isolatiounsaarbechten ënnert dem Daach vum Gemengenhaus entstanen. Ugangs hätt ee wéilte mat den Assurancen en Accord forfaitaire ustriewen, soudass een eng Enveloppe kritt hätt, an d’Saach méi séier iwwert d’Bün gaange wier, erkläert de Buergermeeschter. Zwee Mol hätt een awer eng Offer kritt, déi net zefriddestellend gewiescht wier.