Nach ass et net souwäit, mä d'Verhandlungen iwwert en neie Kollektivvertrag fir déi ronn 1.000 Persounen, déi betraff sinn, sinn an der Sakgaass.

An deem Kader huet den OGBL dës Woch den Office national de conciliation saiséiert. D'Gewerkschaft hat e Sondage bei de Salariéë gemaach. 58 Prozent hunn do matgemaach an déi ware (mat 94 Prozent) quasi unanime dofir elo op d'Conciliatioun ze goen.

OGBL iwwer Apdikten - E Reportage vum Dany Rasqué

Et ginn 3 Haaptpunkten, wou d'Patronatssäit, also de Syndikat vun den Apdikter an den OGBL ganz wäit auserneeleien, explizéiert den Tom Mamer, den zoustännege Secretaire central adjoint beim Onofhängege Gewerkschaftsbond. Hie präziséiert och, datt de Kollektivvertrag bal 20 Joer al ass an d'Chantieren deemno méi grouss sinn.

Deen éischte Punkt sinn d'Salairesfuerderungen. 2006 war eng Grille festgehale ginn, no där d'Paie vun de Leit géife klammen. Déi war un de Mindestloun gekoppelt. Deen ass an de leschten 20 Joer an d'Luucht gaangen, mä d'Grille ass déi selwecht bliwwen.

Den Tom Mamer explizéiert, wat dat fir d'Personal bedeit:

"Dat heescht, do sti Wäerter dran, déi an Tëschenzäit, ënnert dem Mindestloun sinn. Dat geet natierlech net fir engem manner wéi de Mindestloun ze bezuelen. Dat heescht, d'Leit kréien de Mindestloun an dann dauert et eben, jee no Karriär, vill Joren deelweis, bis ech ufänke mat der Grille do driwwer ze sinn. Eréischt vun do u fänkt een u méi wéi de Mindestloun ze kréien. Mee et ass een haut jorelaang um Minimum."

Fir erëm op den Niveau vun 2006 ze kommen, seet den Tom Mamer missten d'Salariéë queesch duerch d'Karriäre gutt 8 Prozent bäikréien. D'Patronat ass bereet knapp 2 Prozent op den Dësch ze leeën.

E weidere Knackpunkt ass de Gardesysteem. Dat heescht nuets, sonndes an op Feierdeeg schaffen.
Esou wéi de System elo ass, esou den Tom Mamer, stëmmt en net méi mam gesetzleche Kader iwwerteneen.

"Deem no eng geschaffte Stonn och eng Schaffstonn muss sinn. Dat heescht eng Stonn, déi ech do sinn a mengem Patron zur Verfügung stinn, muss ech och bezuelt an ugerechent kréien. Dat ass den Ament net de Fall. Do misste mer erëm un d'Gesetz erukommen. Fir eis ass et kee Käschtepunkt, fir d'Gesetz ze respektéieren."

Den drëtte Knackpunkt sinn d'Congésdeeg. Do fuerdert den OGBL déi 26 legal Congésdeeg plus 5.

No Allerhellege fänkt den OGBL un, ze mobiliséieren an op der Conciliatioun hu béid Säiten dem Gesetz no 16 Wochen, fir sech eens ze ginn. Wann dat net de Fall sollt sinn, gëllt fir d'Salariéen aus dësem kriteschen a relevante Secteur d'Streikrecht.