Zeienopruff no Abrochversuch zu Dikrech
Dräi Persoune si geflücht, nodeems e Sécherheetsbeamte se gestéiert huet
An der Nuecht op e Samschdeg goufen 3 Persoune géint 01.45 Auer vun engem Sécherheetsbeamten iwwerrascht, wéi se onerlaabt um Terrain vu enger Firma waren.
Dat ganzt war zu Dikrech, weider Detailer gëtt d'Police net.
Déi Dräi hu sech direkt duerch d'Bascht gemaach, nodeems se vun der vum Sécherheetsbeamte gestéiert goufen. Eng Sichaktioun vun der Police sollt kee Succès hunn.
D'Police freet an deem Zesummenhang no eventuellen Zeien. Falls Dir eppes gesinn hutt, oder Informatiounen zum Tëschefall hutt, da mellt Iech wgl bei der Police vun Dikrech/Veianen um Telefon (+352) 244 80 1000 oder via E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu.
Am meeschte gelies