9 Blesséierter bei e sëllegen Accidenter vun e Freideg op e Samschdeg
Tëscht e Freideg 17.25 an e Samschdeg 2.50 Auer gouf et net manner wéi sechs Accidenter, bei deenen et Blesséierter ze bekloe gouf.
Kuerz viru 17.30 Auer sinn zu Huldang zwee Autoen anenee gerannt. Bei deem Accident goufen direkt 4 Persoune verwonnt.
Eng Stonn méi spéit ass tëscht Monnerech a Lampech an Auto op der Kopp gelant. Hei war ënnert anerem den Escher SAMU op Plaz geruff ginn. Eng Persoun gouf blesséiert.
Zu Eschweiler bei Wolz ass kuerz virun 19 Auer an Auto an eng Mauer gerannt.
Kuerz virun 2 Auer um Samschdeg ass tëscht Näerden an Ielwen en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Och hei huet de SAMU musse geruff ginn.
Zu Äischer ass kuerz virun 2.30 Auer en Auto am Gruef gelant.
Kuerz virun 3 Auer ass dann zu Ëlwen e Chauffer mat sengem Gefier an eng Fassad an der Wilwerdanger Strooss gerannt. Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.