Neien Autopedester-Guide mat 202 Trëppelweeër
























Jiddereen dee gären trëppelen geet, ka sech elo iwwer en neie Begleeder freeën.
No fënnef Joer Aarbecht ass den neie Autopedester-Guide iwwerschafft, erweidert an technesch moderniséiert ginn. Op iwwer 500 Säite fënnt een 202 Weeër, déi sech am ganze Land iwwer méi wéi 1.700 km zéien. Vun elo u kritt een de praktesche Guide ze kafen.
Den neien Autopedester-Guide wier méi wéi just eng Aktualiséierung vun der leschter Versioun, déi 2017 eraus komm ass, heescht et vum Editeur Binsfeld. De Guide presentéiert sech elo an enger neier Struktur an engem komplett neie Format:
E kompakte klenge Classeur mat 202 Kaarten a Steckbréiwer, déi een all eenzel eraushuele kann, a mat QR-Coden, déi ëmmer nees aktualiséiert ginn, fir iwwert déi neisten Entwécklunge vun den Trëppelweeër ze informéieren. Nei ass elo och, datt d‘Beschëlderung geännert gouf, wéi den Tourismusminister Lex Delles, erkläert.
„Autopedestere sinn aus dem bloe Feil gewiesselt ginn an eng blo Raut, well een se nämlech haut kann an zwee Weeër goen. Dat heescht, et kann een entweder lénks oder riets ufänken, et sinn ëmmer Bouclen. An d‘Vue op déi ee geet. Fréier huet een d‘Schëld gesicht wou de Feil higewisen huet, Haut geet een Auf Sicht. Dat heescht Autopedestere gesäit een ëmmer d‘Schëlder direkt virun sech.“
De leschte Guide koum virun 8 Joer eraus. Zanterdeem huet sech vill gedoen: 50 Autopedestere sinn ewech gefall, an nei Wanderweeër si bäikomm. Iwwer 700 nei Fotoe weisen d’Diversitéit vun de Lëtzebuerger Landschaften. All Tour ass an dräi Sproochen, Franséisch, Däitsch an Englesch beschriwwen an huet kloer Donnéeën iwwer Längt, Héichtemeter, Schwieregkeetsgrad, GPS-Koordinaten, Startpunkt an Accès mam Auto oder Bus a Bunn. De bloe Guide ze schaafen, war fir d‘Marie Mathieu, déi um Projet matgeschafft huet, wéi eng ambitiéis Wanderung.
„Et war eis scho kloer, datt et eng gréisser Envergure géif ginn, well esou vill gouf mengen ech nach ni dru geschafft. d‘Weeër goufe wierklech komplett iwwerschafft. An da war et awer och esou, datt eng ganz Partie nei Ronnwanderweezorten dobäi komm sinn, déi gegrënnt goufen, déi et virdrun net gouf, wéi zum Beispill d‘Éislek-Pied an d‘Guttland-Trails.“
Den Ekippen, déi um Guide geschafft hunn, war et wichteg ze garantéieren, datt net nëmmen d‘Qualitéit vum neie Guide, mee virun allem och vun de Weeër stëmmt. Dofir goufen iwwer déi lescht 5 Joer d‘Weeër reegelméisseg kontrolléiert a wann néideg nei ausgeschëldert oder um Terrain selwer verbessert.