Police konnt 4 presuméiert Abriecher zu Monnerech pëtzen
E Freideg den Owend géint 20.40 Auer krut d'Police an Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue de Neudorf zu Monnerech gemellt.
Eng Policepatrull ass direkt op d'Plaz gefuer a konnt déi véier presuméiert Abriecher nach am Haus untreffen. Si goufen duerchsicht a bei jidderengem goufen dann och geklaute Saache fonnt. Op Uerder vum Parquet goufe se verhaft an haten um Samschdeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Weider Abréch
E Freideg am Nomëtteg gouf an den Eefamilljenhaus an der Rue des Celtes zu Märel agebrach. Warscheinlech sinn d'Täter iwwert d'Terrassendier an d'Haus erakomm, esou d'Police. Ob eppes geklaut gouf, gëtt net vun der Police preziséiert.
E Freideg den Owend ware Brigangen an der Rue des Pépinières zu Waasserbëlleg aktiv. Och hei war en Eefamilljenhaus d'Zil vun den Abriecher, woubäi de Wee an d'Haus via eng Fënster gelongen ass. D'Haus wier duerchwullt ginn, ob eppes feelt, gëtt net am Schreiwes vun der Police ernimmt.