Wéi geet et der Europäescher Unioun a wou steiert se hin?
E Samschdeg sinn eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio fënnef vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten.
Europa soll an Zukunft op eegene Féiss stoen. Ekonomesch, Energie- awer och sécherheetspolitesch. Ma dofir si a ganz komplizéierten Zäite grouss Efforte vun de Memberlänner néideg, eventuell mussen d'EU-Institutioune moderniséiert ginn. Wéi geet et der Europäescher Unioun a wou steiert se hin?
Froen, déi mir an engem Spezial-Background vun annerhallwer Stonn direkt nom wichtegen EU-Sommet beschwätzen. Dat direkt mat fënnef vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten.
Et sinn dobäi:
de Sozialist Marc Angel,
de Liberale Charel Goerens,
de Konservative Fernand Kartheiser,
déi Chrëschtlech-Sozial Martine Kemp
an déi gréng Tilly Metz.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.