IT-Secteur
Fit4Coding: D'Adem geet zënter engem Joer nei Weeër
Fit4Coding
Lëtzebuerg setzt op den IT-Secteur, mee u wat et feelt hei am Land sinn IT-Leit. D'Adem offréiert duerfir eng intensive Formatioun an de neien Technologien.
Lëtzebuerg setzt op den IT-Secteur, mee u wat et feelt hei am Land sinn IT-Leit an d'Tendenz ass steigend.
Duerfir bitt d'Adem elo eng Formatioun un fir sech de Besoinen vum Marché unzepassen an deem Manktëm entgéint ze wierken. De Programm heescht "Fit4Coding" a riicht sech u all interesséierten Demandeur d'emploi, deen sech fir déi nei Technologien interesséiert. D'Adem mécht eng Préselectioun vun de Kandidaten, déi um Programm kënnen Deel huelen. D'Formatioun vu 490 Stonnen, déi 3 an en halwe Mount dauert, gëtt vun der Sociétéit NumericAll zu Esch am Technoport ofgehalen. An dat Allerwichtegst hei ass d'Motivatioun vun de Kandidaten.
Am meeschte gelies