No uerge Stierm
Héije Materialschued no Tornado am Norde vu Frankräich
© Jacky Demarcy
Am Nord-Pas-de-Calais-Picardie an am Pas-de-Calais goufen eng Rei Dierfer vun de schwéiere Wiederen um Sonndeg uerg getraff.
Bihucourt, eng kleng Gemeng bei Arras, awer och zum Beispill Conty net wäit vun Amiens goufen um Sonndeg den Owend vun engem Tornado touchéiert. Diecher, Maueren a Beem goufe matgerappt. Och d'Stroumversuergung ass zesummegebrach. Et ass awer kee Mënsch ze Schued komm, sou déi franséisch Medien.
Am Departement Eure an der Normandie hu bal 3.000 Stéit kee Stroum wéinst schroen Onwieder. Et koum zu massivem Reen och do, mat Wandspëtzten vu bis zu 136 Kilometer an der Stonn a souguer Mini-Tornadoen.
Am meeschte gelies