Manner Paperasse fir d'Baueren a Siicht
© Domingos Oliveira (Archiv)
"D'Bauere verbréngen ze vill Zäit mat Paperassen, wat se net just wäertvoll Zäit, mee och Geld kascht." Dat seet den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen.
Dowéinst begréisst hien, datt d'EU-Parlament an de Conseil sech en Dënschdeg op Vereinfachungs-Mesuren an der Agrarpolitik gëeenegt hunn. D'Bauere verbréngen op d'mannst 7 Aarbechtsdeeg am Joer just mat administrativen Tâchen an dat kascht se an der Moyenne tëscht 1.230 bis 2.740 Euro, erkläert de Christophe Hansen. Dat wäert an Zukunft änneren:
"Mir hunn eng Estimatioun, datt dat ongeféier 1,6 Milliarden Euro d'Joer manner fir d'Bauere bedeit, déi se mussen ausgi fir administrativen Opwand an och fir déi national Administratioune schwätze mer vun 210 Milliounen déi gespuert kënne ginn, fir verschidde Saache méi einfach ze gestallten. D'Konditioune fir direkt Bäihëllefen ze kréie gi vereinfacht."
De provisoreschen Accord géif de Kär vun de Propositiounen, déi d'Kommissioun am Mee virgeluecht huet, respektéieren, seet den EU-Agrarkommissär:
"Mir maache méi einfach Reegele fir d'Bio-Baueren an eng besser Ënnerstëtzung fir déi méi kleng Betriber, déi méi leide wéi déi grouss."
Nieft enger administrativer Entlaaschtung géifen d'Mesuren de Bauere méi Flexibilitéit bréngen an de klengen a mëttlere landwirtschaftleche Betriber hëllefen, d'Ënnerstëtzunge vum EU-Agrarpak besser kënnen ze notzen:
"Fir déi kleng Baueren hu mer och festgehalen, datt mer méi a Richtung vu Forfaite ginn, dat heescht, datt se net méi all klengen Detail mussen deklaréieren, mee se kréien e Forfait ausbezuelt vu bis zu 50.000 Euro."
Den Accord muss nach vum Europaparlament a vum Ministerrot validéiert ginn, ma de Christophe Hansen ass zouversiichtlech, datt en den 1. Januar 2026 a Kraaft wäert trieden an d'Bauere vum nächste Kalennerjoer u vun de Vereinfachunge kënne profitéieren.