Zanter e Méindeg leeft a Brasilien d’COP30 Weltklima-Konferenz. Um Enn vum zweeten Dag koum et en Dënschdeg den Owend zu engem Virfall.

Aktivisten hunn de Site vun der COP mat Gewalt gestiermt a sech mam Sécherheetspersonal ugeluecht. Dat beleeë Videoe vun der Plaz. Dobäi soll et och Blesséierter gi sinn.

Bei den Aktivisten handelt et sech ëm Studenten a Vertrieder vun indigeene Gruppen aus dem Amazonasgebitt. Si fuerdere méi Matsproocherecht, fir eeben dat Dschungel-Gebitt ze bewirtschaften an dass opgehale gëtt dëse muttwëlleg futti ze maachen.

De Chef vum Kayapo-Vollek sot der Noriichtenagence Reuters géintiwwer, dass vill indigeen Leit immens rose wieren iwwert aktuell a geplangten Industrie-Projeten op Territoiren, déi onbedéngt misste geschützt ginn. De Site zu Belem ass nom Virfall komplett evakuéiert an ofgespaart ginn. E soll réischt e Mëttwoch de Moien nees opgoen.