Dat huet eng Majoritéit an der Assemblée nationale e Mëttwoch den Owend decidéiert.

A Frankräich gëtt d'Pensiounsreform bis 2028 op Äis geluecht. D'Deputéiert hu mat 255 Stëmme fir en Aussetze vun der Pensiounsreform bis no den nächste Presidentielle gestëmmt. 146 Deputéiert hunn dogéint gestëmmt.

Dës Reform vun 2023 gëllt als déi bis ewell wichtegst Reform vum President Emmanuel Macron. Domat gouf ënnert anerem de Rentenalter vun 62 op 64 Joer eropgesat.

No enger méintelaanger Regierungskris hat de Premier Lecornu sech bereet erkläert, d'Reform bis 2028 ze stoppen. Dat fir d'Sozialisten dozou ze kréien, bis Enn dës Joers e Budget matzestëmmen.

Der Regierung no kascht d'Afréiere vun der Reform d'nächst Joer op 300 Milliounen Euro. Dat Joer drop scho bal 2 Milliarden Euro. Wéi dat finanzéiert soll ginn, ass bis ewell nach net gesot ginn.