An der Affär ëm de Sexualstroftäter Jeffrey Epstein erhéijen d'Demokraten den Drock op de President Donald Trump.

Deputéierter am Kongresskommitee "Oversight Committee" hunn e Mëttwoch presuméiert E-Maile vum Epstein verëffentlecht, an deenen dësen unzedeite schéngt, datt den Trump iwwer de Mëssbrauch vu mannerjärege Frae Bescheed gewosst hätt.

Den Trump "wousst vun de Meedercher", zitéieren d'Demokraten am Representantenhaus den Epstein an engem Mail aus dem Joer 2019. Donieft hätt de Geschäftsmann "Stonnen a mengem Haus verbruecht", hätt de Sexualstroftäter deemno geschriwwen. Den Demokraten no war wärend esou engem Openthalt eent vun de Mëssbrauchsaffer present. Den Numm vum Affer gouf net genannt.

D'Epstein-E-Maile waren den demokrateschen Deputéierten no u seng Komplizin Ghislaine Maxwell geriicht, déi wéinst Sexhandel mat Mannerjäreger a weidere Strofdoten eng 20 Joer laang Prisongsstrof ofsëtzt. Weider E-Mailen hätt den Epstein un den Investigativjournalist Michael Wolff geriicht, deen iwwer dem Trump seng Verwécklung an de Fall bericht hat, heescht et weider.

De verurteelte Sexualstroftäter Epstein hat sech 2019 a senger Prisongszell zu New York erhaangen. Him gouf reprochéiert, sëllege Meedercher a jonk Frae mëssbraucht ze hunn a Prominenter mat hinnen a Kontakt bruecht ze hunn.

Den Donald Trump war an deem Fall am eegene Lager ënner Drock geroden, well seng Regierung net wéi versprach de Skandal opgedeckt huet. E Feelverhalen an der Affär konnt den Trump allerdéngs ni nogewise ginn.