Spektakuläre Video aus China
Deel vu 750 Meter laanger Bréck fält no Äerdrutsch an de Koup
Bréck a China fält an de Koup / Reuters
Bréck China
Am Südweste vu China sinn en Dënschdeg Deeler vun der ganz neier Bréck Hongqi an de Koup gefall. Zum Zäitpunkt vum Tëschefall war d'Bréck scho gespaart.
Ausléiser fir de Kollaps war en Äerdrutsch vum Hang, un deen déi 170 Meter héich Bréck gebonne war. Well se schonn am viraus wéinst Rëss an der Strooss fir den Trafic gespaart gouf, ass dobäi kee Mënsch ze Schued komm. D'Rëss ware bei enger Kontroll e Méindeg opgefall.
Am meeschte gelies