38 Joer al Fra ënner Oploen op fräiem Fouss
© AFP (Archiv)
Gutt dräi Wochen nom Bijou-Déifstall am Louvre zu Paräis ass d'Frëndin vun engem vun de presuméierten Abriecher ënner Oploen nees op fräie Fouss komm.
Déi 38 Joer al Fra dierf kee Kontakt zu den anere Verdächtegen hunn an d'Land net verloossen, heescht et e Mëttwoch aus Justizkreesser. Géint d'Fra gëtt wéinst Bäihëllef a Bedeelegung un enger krimineller Vereenegung ermëttelt.
Domadder si weiderhin nach dräi Männer am Alter tëscht 34 an 39 Joer an Untersuchungshaft. Si kréien den Abroch an de Musée an den Déifstall vun de Bijoue reprochéiert. No engem véierten Abriecher gëtt weider gesicht.
Vun de Bijoue mat engem materielle Wäert vun 88 Milliounen Euro an engem onschätzbaren historesche Wäert feelt weider all Spuer. D'Enquêteure fäerten, datt d'Bijouen an Eenzeldeeler zerluecht kéinte ginn, fir d'Diamanten ze verkafen an d'Gold anzeschmëlzen.
D'Direktesch vum Louvre, Laurence des Cars, hat rezent annoncéiert, datt d'Raim vum Musée séier solle mat Iwwerwaachungskameraen equipéiert ginn. Bis ewell sinn nëmme 40 Prozent vun de Raim domadder equipéiert. De Rechnungshaff hat d'Sécherheetsmesuren am Musée schaarf kritiséiert. De Musée hätt éischter an den Ukaf vu Wierker wéi an d'Sécherheet investéiert.
De Louvre ass de Musée mat de weltwäit meeschte Visiteuren. Et si 35.000 Wierker ausgestallt, 2.200 Sécherheetsleit sinn am Asaz an all Joer kommen néng Millioune Visiteuren.
D'Abriecher waren den 19. Oktober mat Hëllef vun engem Lift duerch eng Fënster an der éischter Etage an de berüümte Musée komm an hate verschidde Bijoue geklaut. Op der Flucht hate se eng Kroun verluer.