Christine Majerus gewënnt den Alzenger Cyclocross
Zu Alzeng ass um Sonndeg de regionale Cyclocross an d'Generalprouf fir déi national Meeschterschaften nächste Samschdeg zu Käl gefuer ginn.
Am regionale Cyclocross, deen och fir de Skoda Cross Cup gezielt huet, konnt sech bei den Dammen d'Christine Majerus virum Lisa Heckmann aus Däitschland duerchsetzen. Op de Podium an esou op déi drëtt Plaz koum d'Nathalie Lamborelle.
De Nicolas Kess vum LC Kayl gewënnt bei de Junioren virum Loïc Bettendorf vum CT Aterdaul. Drëtten gëtt säin Teamkolleg de Mik Esser.
FOTOGALERIE: Impressioune vun der Course op pressphoto.rtl.lu
Bei den Debutanten konnt sech de Philippe Reuter vun Tooltime Prézerdaul virum Fransous Tom Paquet an Jérôme Jentgen vum UC Dippech duerchsetzen. Bescht Meedchen gëtt hei d'Marie Schreiber vum CT Aterdaul.
Bei der Elite ka sech den Espoir Felix Schreiber duerchsetzen. De Préizerdauler ass zesumme mam Vincent Dias dos Santos an de leschten Tour gaangen, hei ass den Téitenger gefall an de Felix Schreiber konnt sech doduerch eng klenge Avance erausfueren, déi e bis op d‘Arrivée gehalen huet. Déi drëtte Plaz ass fir de Misch Leyder.