Iwwer 121,1 Kilometer goung et e Samschdeg fir d'U23 op der Cyclissem EM. Dat vun Guilherand-Granges zeréck op Guilherand-Granges.

Et war um Schluss enk ginn fir déi zwee Coureuren un der Spëtzt. De Jarno Widar aus der Belsch konnt sech no 3 Stonnen, 11 Minutten an 58 Honnertstel knapp 14 Sekonne virum Maxime Decomble aus Frankräich duerchsetzen. Eng hallef Minutt méi spéit koum dunn eng gréisser Grupp mat siwe Leit iwwert d'Arrivée, woubäi sech de Spuenier Hector Alvarez Martinez déi lescht Podiumsplaz konnt sécheren.

Dono koumen d'Coureuren e bëssen era gedrëpst. Den Arno Wallenborn koum als 13. mat enger Minutt a 5 Sekonne Retard iwwer d'Arrivée a war domadder de beschte Lëtzebuerger. Op der Linn war hie just liicht virum Fransous Arthur Blaise. Mat 8 Minutten a 14 Sekonne Retard koum de Mil Morang als 49. un.