Dagescourse Giro d’Ell Emilia ass vu Mirandola op San Luca gaangen.

Bei der Dagescourse Giro d’Ell Emilia ass et fir d'Hären iwwer 199.2 Kilometer gaangen. 3 Bierger vun der zweeter Kategorie an 1 Bierg vun der éischter Kategorie stoungen um Programm, éier Coureuren op de Schlusscircuit komm sinn. Virun allen déi leschte Montée hat et a sech. 2,1 Kilometer laang an am Schnëtt 9,1 % steil. D'Hären hunn des Schwieregkeet misse 5 mol erop fueren.

Eng Echappée konnt sech net ofsetzen, sou dass d'Entscheedung op de leschte Meteren am Sprint gefall ass. An hei war de Mexikaner Isaac del Toro vun UAE e Tick méi staark wéi de Britt Thomas Pidcock an dem Lenny Martinez aus Frankräich.

De Podium bei den Hären
1. Del Toro Isaac UAE Team Emirates - XRG 4:46:10
2. Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team + 0:01
3. Martinez Lenny Bahrain - Victorious + 0:05

Dammen

D'Course bei den Damme war e Stéck mei kuerz wéi bei den Hären. 126,7 Kilometer hu misse gefuer sinn.  Déi leschte Montée vum Dag erop op d'Arrivée hunn Dammen 2 mol misse fueren.

Bei den Damme ka sech um Enn Kim Le Court aus dem Mauritius als Solistin déi 1. Plaz sécheren. Op d'Plazen 2. an 3. fuere mat engem Réckstand vu 24 bezéiungsweis 33 Sekonnen Niamh Fisher-Black an d'Yara Kasteljin.

De Podium bei den Dammen
1. Le Court Kim AG Insurance-Soudal Team 03:15:35           
2. Fisher-Black Niamh Lidl-Trek + 24   
3. Kastelijn Yara Fenix-Deceuninck + 33