Paula Blasi nei U23-Europameeschtesch, Liv Wenzel op Plaz 41

© DAVID PINTENS / BELGA MAG / Belga via AFP
E Freideg sinn a Frankräich op der Cyclissem-EM d'Stroossecoursse vun den U23-Dammen, de Juniorinnen an de Juniore gefuer ginn.
D'Spuenierin Paula Blasi huet sech e Freideg den Europameeschtertitel an der Stroossecourse vun den U23-Damme geséchert. No de 85 Kilometer hat si eng Avance vun néng Sekonnen op d'Italieenerin Eleonora Ciabocco. Bronze huet sech d'Franséisin Julie Bego geséchert. Si hat e Retard vun néng Sekonnen.
Bescht Lëtzebuergerin war d'Liv Wenzel als 41. op siwe Minutten a 57 Sekonnen. Mam nämmlechte Retard ass d'Layla Barthels déi 42. ginn an d'Gwen Nothum hat als 46. e Réckstand vun néng Minutten a 26 Sekonnen.
D'Marie Schreiber huet aus gesondheetleche Grënn nom Eenzelzäitfueren a Mixed-Ekippenzäitfueren och d'Stroossecourse verpasst.
Bei de Juniorinnen huet sech no 63 Kilometer d'Spuenierin Paula Ostiz d'Goldmedail geséchert. Sëlwer a Bronze sinn un d'Schwäizerin Anja Grossmann (zäitgläich mat der Gewënnerin) an d'Italieenerin Chantal Pegolo (+3) geséchert.
Fir d'Lëtzebuergerinne Lena Lallemang an Elena Lopes waren et d'Plazen 42 a 54. Si haten e Retard vu véier Minutten an 13 Sekonne respektiv fënnef Minutten a 16 Sekonnen.
Bei de Juniore war den Titel fir den däitsche Karl Herzog. Hien huet sech en solitaire mat enger Avance vun 13 Sekonnen op den Italieener Roberto Capello behaapt. Den Ir David Gaffney huet de Podium komplettéiert an hat e Retard vun 43 Sekonnen. Vun de sechs Lëtzebuerger ass de Flavio Astolfi ukomm. Hien hat als 60. e Retard vun zéng Minutten a 44 Sekonnen.