Editioun 2026
De Skoda Tour de Luxembourg geet vum 16. bis den 20. September

© Val Wagner (Archiv)
En Dënschdeg hunn d'Organisateuren den Datum vun der Editioun 2026 vum Skoda Tour de Luxembourg bekannt ginn.
Viru ronn zwou Wochen ass déi 85. Editioun vum Tour de Luxembourg am Cyclissem mat der Schlussvictoire vum Amerikaner Brandon McNulty op en Enn gaangen. Elo hunn d‘Organisateure ronderëm de President Andy Schleck den Datum fir dat nächst Joer annoncéiert. 2026 ass de Peloton vu mëttwochs dem 16. bis sonndes den 20. September op de Lëtzebuerger Stroossen ënnerwee. Den Tour de Luxembourg gehéiert och d‘nächst Joer nach ëmmer zu der UCI ProSeries.
Am meeschte gelies