Tadej Pogacar neien Europameeschter op der Strooss

© AFP
Wéi virun enger Woch a Ruanda huet de Sloween seng Konkurrenz deklasséiert a sech säin zweeten Titel geséchert. De Remco Evenepoel gouf Zweeten.
Op dem 202,5 Kilometer laange Parcours vu Privas op Guilherand-Granges war den Tadej Pogacar nees a senger eegener Liga ënnerwee. Et war seng 18. Victoire an dëser Saison. De Sloween ass den éischte Coureur zënter dem Peter Sagan 2017, deen zäitgläich Welt- an Europameeschter ass. De Remco Evenepoel huet sech nees musse geschloe ginn a koum op déi zweet Plaz. Hannendru konnt sech de Paul Seixas iwwer Bronze freeën.
De Mats Wenzel ass als eenzege Lëtzebuerger d'Course op en Enn gefuer a koum als 17. un. De Kevin Geniets an den Arthur Kluckers hunn opginn.
De Pogacar hat sech 75 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton ofgesat a konnt vu senger Konkurrenz net méi agefaange ginn. Hien huet domat eng vu senge längste Solo-Victoirë realiséiert. Nach méi laang wéi säin Exploit bei der Weltmeeschterschaft a Ruanda virun enger Woch.
De Remco Evenepoel wollt de Sloween net zéie loossen, krut awer eréischt spéit Ënnerstëtzung.
De Pogacar konnt sech séier eng komfortabel Avance erausfueren an den Evenepoel huet fréi mussen agesinn, dass hie geschloe war. De Belsch huet sech dorop konzentréiert, fir d'Sëlwermedail ze gewannen a konnt sech 40 Kilometer virun der Arrivée vun engem Trio ofsetzen.
D'Klassement
1 Pogačar Tadej 4:59:29
2 Evenepoel Remco 0:31
3 Seixas Paul 3:41
4 Scaroni Christian 4:04
5 Skujiņš Toms 4:16
6 Ayuso Juan 4:21
7 Skjelmose Mattias 5:01
8 Sivakov Pavel 5:55
9 Garofoli Gianmarco 5:59
10 Grégoire Romain 6:52
...
17 Wenzel Mats 12:32