Impressionant Victoire fir Demi Vollering

© AFP
D'Hollännerin huet sech 36 Kilometer virun der Arrivée ofgesat a gewënnt als Solistin zu Guilherand-Granges. Nina Berton ass d'Course net op en Enn gefuer.
Déi 28 Joer jonk Hollännerin gewënnt no 116.1 Kilometer an der Ardèche vu Privas op Guilherand-Granges a ka sech säit e Samschdeg Europameeschterin am Cyclissem nennen. Sëlwer geet un d'Polin Kasia Niewiadoma a Bronze un déi zweet Hollännerin Anna van der Breggen.
Eng 36 Kilometer virun der Arrivée huet d'Hollännerin Demi Vollering aus dem Peloton, wat zu dësem Zäitpunkt nëmmen nach aus 15 Fuererinne bestanen huet, attackéiert. D'Italieenerin Longo Borghini ass wuel matgaangen, konnt dat hënnescht Rad awer op Dauer net halen an ass nees zeréckgefall. Eng 30 Kilometer virun der Arrivée huet sech Demi Vollering eng 30 Sekonnen erausgefuer op d'Anna van der Breggen an d'Polin Kasia Niewiadoma.
Et sollt awer kee méi un Demi Vollering erugefuer kommen. An esou feiert d'Hollännerin eng impressionant Victoire a feiert hiren éischten Europameeschter-Titel an hirer Karriär.
Nina Berton ass d'Course net op en Enn gefuer. Am Ganzen hu just 37 Athletinnen de wäisse Stréch gesinn.
De Podium bei den Dammen
1. Demi Vollering Netherlands 2:57:53
2. Kasia Niewiadoma Poland +1:18
3. Anna van der Breggen Netherlands +1:24