Luc Holtz nach laang FLF-Nationaltrainer?

© Roland Miny (pressphoto.rtl.lu) - Archivbild
RTL-Informatioune no, ginn et nämlech e puer Profi-Veräiner, déi um FLF-Coach Luc Holtz interesséiert sinn.
Et lafe Rumeuren, datt dorënner och den 1. FC Kaiserslautern wär.
Et gëtt jo an der Däitscher Bundesliga am Moment eng Tendenz bei de Veräiner fir heiansdo sougenannten "No Name-Trainer" ze engagéieren, well déi Trainer eng Philosophie hunn, déi de Clibb gefält. De Luc Holtz ass Enn Mee fäerdeg mat sengem UEFA-Pro-Schäin, dat ass deen héchsten Diplom am internationale Football.
Ob eis Nofro hin, huet et beim 1.FC Kaiserslautern geheescht, datt en Trainerwiessel am Moment um Betzenberg net zur Diskussioun steet. Deemno bräicht een och keen Trainer ze engagéieren.