Am Kader vum zweete Match vun der WM-Quali krut Lëtzebuerg et mat de Slowaken ze dinn, déi hiren éischte Match géint Däitschland souverän gewanne konnten.

Nodeems d'Rout Léiwen deen éischte WM-Qualifikatiounsmatch en Donneschdegowend 1:3 géint eng iwwerleeën nordiresch Ekipp verluer hunn, wollten d'Männer vum neien Trainer Jeff Strasser et am zweete Match besser maachen. Allerdéngs huet de Géigner do d'Slowakei geheescht, wat am éischte Match eisen däitschen Noperen eng batter 0:2-Defaite zougefouert huet. D'Lëtzebuerger hu sech vun deem slowakesche Resultat awer net beandrocke gelooss, hu monter opgespillt an de Géigner iwwer wäit Strecken dominéiert. Dës Dominanz konnte se awer leider net an e Gol ëmmënzen. Um Enn sinn et souguer d'Slowake, déi an der 90. Minutt e Lucky-Punch duerch de Rigo setze kënnen, soudatt sech Lëtzebuerg an d'Slowakei mat engem 0:1 trennen an d'Léiwen no zwee Matcher mat null Punkten op der leschter Plaz am Grupp A stinn.

Déi bescht Zeenen aus dem Match vun de Roude Léiwen
Trotz Iwwerleeënheet musse sech d'Lëtzebuerger um Enn geschloe ginn

Am anere Match vum Lëtzebuerger Grupp huet Däitschland mat voller Vitess géint Nordirland ugefaangen a konnt sech fir seng Méie mat engem fréie Gol vum Gnabry belounen. Doropshin hunn d'Nordiren ëmmer besser an de Match fonnt a konnten an der Schlussphas vun der éischter Hallschent duerch de Price egaliséieren. No der Paus hunn déi Däitsch awer relativ séier duerch e Gol vum Amiri an ee vum Wirtz de Sack zougemaach. Um Enn gewënnt Däitschland 3:1 géint Nordirland. Allebéid hu se no zwee Spilldeeg elo dräi Punkten um Kont.

De Resumé vum Match Däitschland géint Nordirland
Mat besserer Leeschtung an der zweeter Hallschent kënne sech déi Däitsch um Enn géint d'Nordire behaapten

D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger nom Match

D'Resultater am Iwwerbléck souwéi all déi aner Goler vun de Sonndesmatcher fannt Dir an dësem Artikel.

De Resumé vum Match

Lëtzebuerg - Slowakei 0:1
0:1 Rigo (90')

Lëtzebuerg verléiert och den 2. Match an der WM-Qualifikatioun
Duerch e Gol Sekonne viru Schluss hunn d'Rout Léiwe mat 0:1 géint d'Slowakei de Kierzere gezunn.

D'Spectateure kruten eng verhalen Ufanksphas vu béide Formatiounen ze gesinn. Souwuel d'Lëtzebuerger ewéi och d'Slowake wollten am Ufank net all ze vill riskéieren, fir net direkt e Géigegol ze kasséieren. No enger gudder Véierelsstonn sinn d'Lëtzebuerger dunn awer erwächt an hunn ugefaangen a Richtung slowakesche Gol ze spillen. Esou sollt sech an der 18. Minutt eng riseg Chance fir Lëtzebuerg opdoen. Den Dardari huet de slowakesche Golkipp bei engem Réckpass schéin ënner Drock gesat, deen dunn de Ball un de Muratovic verluer huet. Dësen huet net laang gezéckt an huet direkt ofgezunn, mä den Dubravka am slowakesche Gol konnt säi Feeler direkt nees guttmaachen a konnt géint de Lëtzebuerger Stiermer gutt paréieren. Doropshin hunn d'Lëtzebuerger d'Heft an d'Hand geholl an et huet ee just nach d'Rout Léiwe gesinn no vir spillen. Virun allem den Duo Sinani an Dardari wosst dobäi ze iwwerzeegen. Esou ass de Sinani an der 31. Minutt no gudder Viraarbecht vum Dardari zum Ofschloss komm, mä den Dubravka konnt déi ganz Situatioun nees entschäerfen. An der 33. Minutt war den Dubrvaka nom Sinani sengem Schlenzer aus gutt 20 Meter geschloen, mä de Lëtzebuerger, deen den Ament bei Sankt Pauli an der éischter Bundesliga spillt, konnt mat sengem schéine Schoss just de Potto treffen. D'Slowake sinn an der éischter Hallschent just seelen an der Offensiv opgefall a wann, da sinn de slowakesche Chancë meeschtens e Lëtzebuerger Ballverloscht oder eng Ongenauegkeet virausgaangen. Esou wéi an der 11. Minutt, wou eng slowakesch Flank vun engem Lëtzebuerger a Richtung Moris deviéiert gouf oder an der 17. Minutt, wou de Mahmutovic de Moris mat engem Feelpass an d'Laberente bruecht huet. Deen eenzeg richtege Schoss haten d'Slowaken an der 29. Minutt, mä de Fräistouss vum Duda huet de Moris um Enn viru keng gréisser Problemer gestallt. Deemno ass et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen, obschonns Lëtzebuerg kloer déi spillbestëmmend Ekipp war an d'Slowake staark ze wënschen iwwreg gelooss hunn.

Och no der Paus hunn d'Lëtzebuerger weider voll opgespillt. An der 48. Minutt ass den Dardari iwwert déi lénk Säit marschéiert an huet de Ball dunn op den zweete Potto gespillt, wou de Sinani gelauert huet. Dëse konnt seng gutt Leeschtung awer op en Neits net mat engem Gol kréinen, well en nees just de Potto getraff huet. Deemno ass et beim 0:0 bliwwen. An der 57. Minutt huet et dunn am slowakesche Gol gerabbelt. Dëst nodeems de Moreira eng Flank mam Kapp verwäerte konnt. Allerdéngs war d'Freed nëmme vu kuerzer Dauer, well den Arbitter de Gol wéinst enger Abseitspositioun oferkannt huet. Mä d'Lëtzebuerger hu sech net ënnerkréie gelooss an hu sech weider Chance ëm Chance erausgespillt, allerdéngs hat den Dubravka ëmmer eppes dogéint a konnt all Lëtzebuerger Schoss oder Kappball erausfëschen. D'Slowake waren am Stuerm weider net geféierlech. Zwar hu si an der zweeter Hallschent den Drock erhéicht an hu sech och heiansdo an de Lëtzebuerger Strofraum gespillt, e geféierleche Schoss a Richtung Moris sollte se dobäi awer net lassloossen. Aus dem Näischt sollt dunn an der 90. Minutt den 1:0 fir d'Slowakei falen. Den Tupta konnt virum Strofraum net decisiv gestéiert ginn a konnt ofzéien. Säi sate Schoss konnt de Moris just deviéieren, riicht an d'Féiss vum Rigo, deen de Ball dunn am eidele Gol zum 1:0 fir seng Faarwen ënnerbruecht huet. Kuerz drop war dunn och Schluss, soudatt d'Rout Léiwen an der 90. Minutt eng ganz batter Pëll schlécke mussen, esou hu si dee ganze Match dominéiert an hu sech net beloune kënnen.

De Gol vun de Slowaken
An der 90. Minutt sollt de Rigo seng Faarwen a Féierung bréngen

D'Resultater an d'Tabellen am Iwwerbléck