Max Verstappen muss de Fürerschäin maachen

© Jakub Porzycki / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Och e véierfache Formel-1-Weltmeeschter muss sech u Reegelen halen, an dierf net einfach esou op der Nordschleife Coursë fueren.
Leschte Weekend hat den Hollänner nach iwwerleeën de Grousse Präis vun Italien zu Monza gewonnen. Nächste Samschdeg wëllt hien um Nürburgring un enger Laangstrecke-Course fir Toureween deelhuelen. Am Mee hat de Verstappen sech schonn ënnert dem Pseudonym "Franz Hermann" mat der Matière vertraut gemaach.
Anescht wéi ee kéint mengen, dierf de Formel-1-Fuerer, trotz senger Erfarung a sengem Palmarès, net einfach esou op de Ring. D'Nordschleife gëllt als schwieregsten a geféierlechste Circuit op der Welt. Zanter engem déidlechen Accident virun 10 Joer muss all Pilot, deen do un enger Course wëll deelhuelen, e sougenannte "Permit" maachen, fir mat de staarke GT3-Autoen dierfen un den Depart ze goen.
Reegele si Reegelen
Verlaangt sinn eng Seance Theorie an op d'mannst eng Course a méi engem schwaachen Auto. E Freideg soll de Verstappen säi Cours mat der Theorie erleedegen, éiert hien op engem Porsche Cayman GT4 CS vum Team Lionspeed GP seng éischt Course soll fueren. Wann hien et do fäerdeg bréngt, 14 Ronnen ouni Feeler ze fueren, huet hie seng Lizenz fir op der Nordschleife dierfe GT3 ze fueren, an der Täsch.
Sou wier et méiglech, dass de Franz, pardon, Max Verstappen Enn September déi éischte Kéier an engem Ferrari 296 GT3 kéint starten. Laangfristegt Zil, sou Gerüchter aus dem Paddock, wier eng Participatioun un der legendärer 24-Stonne-Course op der Nordschleife.