Si organiséieren déi lescht Course vum nationale Stock-Car-Championnat dëse Sonndeg zu Rammerech. D’Spannung am Atelier vun de Bulls ass grouss.

D'Power Bulls selwer sti mat de Punkte vir an hunn eng Hand schonn um Pokal. "D'Resultater si sou enk wéi nach ni, mir freeën eis enorm op déi lescht Course", seet de President vun de Power Bulls, de Claude Schumacher. Hie sëtzt selwer zënter den 1990er Joren hannert dem Steier a wollt eigentlech virun zwee Joer schonn den Helm un den Nol hänken. Mee et koum anescht.

10/09/2025 Stock-Car Power Pulls Préizerdaul 13h40

Familljegeschicht hannert dem Steier

Seng Duechter, d'Mara Schumacher, war ëmmer als Spectateur bei de Coursen dobäi. De Schumi hätt awer net geduecht, dass et sech fir de Sport interesséiert. Ma knapps war et 18 Joer al, wollt d'Meedchen et och mol probéieren. Eleng op d'Piste wollt hie seng Duechter uganks net schécken an dofir fiert hien och haut nach. An dat mëttlerweil mat respektiv géint säi Meedchen. Haut ass si nämlech eng vun nëmmen dräi Fraen am Land, déi an der Stock-Car-Zeen zu Lëtzebuerg aktiv sinn.

An déi mëttlerweil jonk Fra huet hir Plaz fonnt: "Un den Autoe schrauwen, hëllefe wou ech kann, se bemolen, zesummen Zäit verbréngen – dat mécht immens Spaass. Am Ufank war ech ëmmer nervös, mee wann een dann hannert dem Steier bei der Startlinn steet, ass d'Nervositéit fort." D'Mara weist domat, dass Stock-Car net nëmmen och e Fraesport ka sinn, mee souguer eng richteg Familljenaffär ka ginn.

Schrauwen, Pinselen e Patt drénken - Bei de Power Bulls geet et net nëmmen ëm d'Courssen an d'Gewannen. Den Zesummenhalt am Veräin zielt genee esou vill. Um Agenda stinn net nëmme Reparaturen a Lackéieraarbechten, mee och mol zesummen e Patt drénken oder Kaarte spillen. Mann, Fra a Kanner sinn Deel vum Club – jidderee fënnt seng Roll.

Virun der Finall e Bléck zeréck op d'Saison

D'Saison wier am Ganze gutt verlaf, seet de: "Mir hunn immens gutt Punkten als Ekipp gemaach a bis ewell si mir mat puer Boboen dovukomm. Nëmmen puer blo Plazen oder mol e bësse Péng. Et ass net wéi Knuppauto mat richtege Gefierer, mee éischter wéi e Geschécklechkeetsspill."

Et géif also net drëm goen, esou vill wéi méiglech aneneen ze rennen, mee ëm Spaass bei der Course – ouni sech oder anerer a Gefor ze bréngen.

Comeback mat Chance op d'Coupe

E besonnesche Bléck geet och op de Laurent Gengler. "Ech hunn déi lescht zéng Joer aner Saache gemaach, si hu mech awer Uganks der Saison dauernd opgestëppelt rëm ze fueren. An elo gesäit et guer net sou schlecht aus", seet hien, mee dat mat den zwee Féiss um Buedem. Tatsächlech kéint hien d'Coupe an d'Veräinshal vun de Power Bulls bréngen. Den Ament huet hien nämlech déi meeschte Punkten an direkt hannendrun ass de Veräinskolleeg Luc Pastoret aktuell op der zweeter Plaz.

RTL

© Céline Spithoven/RTL


D'Championnat 2025 huet bis elo fir Iwwerraschunge gesuergt. D'Power Bulls féieren d'Gesamtklasséierung mat engem klenge Virsprong un, mee d'Diables Rouges vun Diddeleng an d'Tornado Team vun Hamm sëtzen hinnen am Genéck. Och d'Crazy Dogs vu Klierf hunn ëmmer nees staark Plaze besat. D'Spannung fir d'Finall ass also garantéiert: all Punkt zielt an de Sonndeg entscheet sech, wien d'Coupe mat Heem hëlt.

Fir d'Fans an d'Piloten heescht et elo nach eng Kéier: Moteuren ugeheien, Gas ginn, Blech géint Blech. Zu Rammerech wäert et de Sonndeg op alle Fall haart ginn. Den éischte Start ass um 14 Auer. De Wee bis bei de Circuit gëtt gekennzeechent an "ass net ze verfeelen", sou de Schumi.