Eagles wannen Optaktmatch, éischt Néierlag fir d'Chiefs

© Photo by NELSON ALMEIDA / AFP
Mat der Partie Cowboys-Eagles gouf et direkt e Klassiker fir den Optakt. D'Chiefs hunn an engem wichtegen Duell géint d'Chargers verluer.
Direkt den Optaktmatch vun dëser Saison tëscht den Dallas Cowboys an de Philadelphia Eagles hat et a sech. D'Konkurrente aus der NFC East hu sech en enke Match geliwwert, an deem mol deen een a mol deen anere vir war. Grad déi éischt zwee Véierelen haten et do a sech. Déi éischt véier Ballbesëtz hunn all Kéiers en Touchdown als Resultat gehat. Mam fënnefte Ballbesëtz, also den drëtte fir d'Cowboys, hunn dës dunn mat engem Fieldgoal op 17:14 gesat. D'Eagles hu mat engem Touchdown geäntwert (21:17) a waren déi éischte Kéier dës Partie a Féierung. Dat sollt awer de leschte Touchdown vun dëser Partie ginn. D'Cowboys hu virun der Paus nach op 21:20 verkierzt. Déi zweet Hallschent sollten d'Verdeedegunge vu béide Säiten da méi Dominanz weisen. D'Eagles hunn nach mat hirem éischten Drive no der Paus 3 Punkte gemaach (24:20) a vun dunn un ass de Recht vun der Partie kee Punkt méi op d'Tafel komm, esou datt den Eagles dëse knappe Virsprong duergaangen ass.
An der AFC West stounge sech d'Chargers an d'Chiefs zu am éischten international Game vun der Saison géinteniwwer. D'Fans zu Sao Paulo a Brasilien hunn e schwaache Start vun de Chiefs gesinn, deenen am Ufank wéineg gelongen ass. Eréischt wéi d'Chargers 10:0 am Avantage waren, hunn d'Chiefs déi éischt Punkte gemaach. Mat 13:6 fir LA ass et dunn an d'Paus gaangen. Am drëtte Quarter konnten d'Chargers hiren Avantage ëm ee Punkt ausbauen op 20:12. Am leschte Véierel koumen d'Chiefs nees liicht bäi, 21:27, ma hir Defense hätt an de leschten zwou an enger hallwer Minutt den Chargers de Ball nach eng Kéier missten ofhuelen, fir datt d'Chiefs nach eng Chance gehat hätten, ze wannen. Dat ass awer net gelongen an d'Chargers hu beim Stand vu 27:21 de Match auslafe gelooss.
Den Aaron Rodgers konnt da mat sengem neie Veräi géint säin Ex-Veräi gewannen. Zesumme mat de Steelers ass de Starquarterback nämlech zeréck op New York bei d'Jets gereest. Et sollt eng laang Zäit eng ganz serréiert Partie ginn, déi hin an hier gaangen ass. Ma wou et am leschte Véierel drop ukoum, war den erfuerene Rodgers do. Seng Ekipp war mat 17:26 am Desavantage an an de leschte 15 Minutte konnt d'Offense vun de Steelers esou vill Punkte maachen, wéi an de 45 Minutte virdrun zesummen. Well den Jets der awer just sechs gelonge sinn, hu si kuerz viru Schluss hire grousse Virsprong missten ofginn a verléiere ganz knapp mat 32:34.
D'Resultater am Iwwerbléck
Dallas Cowboys - Philadelphia Eagles 20:24
Kansas City Chiefs - Los Angeles Chargers 21:27
Tampa Bay Buccaneers - Atlanta Falcons 23:20
Cincinnati Bengals - Cleveland Browns 17:16
Miami Dolphins - Indianapolis Colts 8:33
Carolina Panthers - Jacksonville Jaguars 10:26
Las Vegas Raiders - New England Patriots 20:13
Arizona Cardinals - New Orleans Saints 20:13
Pittsburgh Steelers - New York Jets 3432
New York Giants - Washington Commanders 6:21
Tennessee Titans - Denver Broncos 12:20
San Francisco 49ers - Seattle Seahawks 17:13
Detroit Lions - Green Bay Packers 13:27
Houston Texans - Los Angeles Rams 9:14
Baltimore Ravens - Buffalo Bills 40:41
E Méindeg den Owend treffen d'Vikings nach op d'Bears.