Lëtzebuerger U21 verléiert 0:1 géint Färöer Inselen

© Valentin Wagner / RTL
En Dënschdeg den Owend war fir déi Lëtzebuerger U21-Nationalselektioun den Optakt an der EM-Qualifikatioun géint Färöer Inselen.
D’Resultat op der Escher Grenz ass eng ganz onverdéngten 0:1 Defaite.
Nodeem d’Ekipp an de Staff vun der U21 de leschten Donneschdeg e schroe Busaccident haten an de Match géint Frankräich verluecht gouf, konnte sech déi jonk Rout Léiwen nees voll op de Fussball konzentréieren. Bei enger Kuliss vu 405 Spectateuren a Presenz ënner anerem vum Premierminister Luc Frieden an och vum Sportminister Georges Mischo huet d’FLF-Selektioun d’Gäscht schonn no 3 Minutten an dat no engem Corner seriö gepréift.
D’Lëtzebuerger hunn et och e puer Mol aus der Distanz probéiert. An der 18. Minutt war et den Ivan Englaro vum F91. Den Englaro huet 8 Minutten drop schlecht gepasst. D’Konsequenz war no engem Gewulls den 0:1 vum David Reynheim. Dat war géint de Spillverlaf.
Wéi 36 Minutte gespillt waren, gouf et eng flott a ganz geféierlech Aktioun vun der Lokalselektioun. De Fabio Domingos vum PSG huet zimmlech spektakulär opgeholl, mee de Goalkeeper war do. Dee selwechten Domingos huet nëmmen e puer Sekonnen drop knapp laanscht geschoss no engem schéine Sprint. Et goufe méi wéi genuch Chancë fir op d'mannst mat engem Remis an d’Kabinnen ze goen. D’Säite goufen awer mat 0:1 gewiesselt.
Obwuel D’Visiteure ronn 10 Minutten no der Paus mam Kapp geféierlech waren, waren awer d’Rout Léiwe weiderhi spillbestëmmend. De Fabio Domingos huet an der 55. Minutt just laanscht d’Latekräiz geschoss. Eng weider grouss Golchance konnt an der 68. Minutt notéiert ginn. Den Diego Duarte huet awer net gutt geziilt aus gënschteger Positioun.
No engem Hands an der 81. Minutt kruten d’Rout Léiwen en 11 Meter accordéiert, mee den agewiesselte Leon Elshan vun der Escher Jeunesse huet ze schwaach geschoss. De Goalkeeper Hans Jäkup Armgrimsson konnt annuléieren. Obwuel bis déi lescht Sekonn de Lëtzebuerger Gol an der Loft war, wollt deen einfach net falen.
FLF-Selektioun
Golkippen:
Joao Alves Margato (Progrès Nidderkuer)
Fabian Heck (1. FC Kaiserslautern, Däitschland)
Ben Schmit (SV Eintracht Trier 05, Däitschland)
Defenseuren:
Massimo Agostinelli (FC Ingolstadt, Däitschland)
Christophe Andrade Brites (Jeunesse Esch)
Miguel Fernandes (FC 08 Homburg, Däitschland)
Sofiane Ikene (Rot-Weiß Erfurt, Däitschland)
Clayton Irigoyen (FV Illertissen, Däitschland)
Jose da Silva dos Paciencia Aston (PSV Eindhoven, Holland)
Fabio Lohei (SV Eintracht Trier 05, Däitschland)
Yohann Torres (FC Rodange 91)
Mëttelfeldspiller:
Rayan Berberi (Olympic Charleroi, Belsch)
Enzo De Pina Duarte Dos Santos (Borussia Dortmund, Däitschland)
Ivan Englaro (F91 Diddeleng)
Tim Flick (Jeunesse Esch)
Roni Klisurica (Jeunesse Esch)
Diogo Monteiro de Oliveira (F91 Diddeleng)
Stiermer:
James Alves Rodrigues (Gil Vicente, Portugal)
Fabio Domingos (Paris Saint-Germain, Frankräich)
Diego Duarte (FC Metz, Frankräich)
Leon Elshan (Jeunesse Esch)
Flavjo Hoxha (Borussia Mönchengladbach, Däitschland)
Jayson Videira (1. FSV Mainz 05, Däitschland)
Tabell

© Screenshot UEFA