De Jeff Strasser hat en Donneschdeg säin éischte Lännermatch als Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer. Viru 40 Joer war dat bei sengem President de Fall.

Et gëtt kaum een hei am Land, deen an de leschte Joerzéngten esou am Lëtzebuerger Futtball mat dran ass wéi de Paul Philipp. Vun 1968 bis 1982 Nationalspiller, vu 1985 bis 2001 FLF-Nationaltrainer an zanter 2004 bis elo President vun der gréisster Sportfederatioun am Land. U säin éischte Lännermatch als Lëtzebuerger Nationaltrainer, de 25. September 1985, ka sech de Paul Philipp op jiddwerfall nach erënneren.

Paul Philipp iwwert säin 1. Lännermatch als Nationaltrainer / G. Tricca

"Et war géint d'Bulgaren, dat weess ech nach um Josy Bartel, also heiheem. Ech weess och, datt mer 3:1 verluer hunn, an datt de Roby Langers souguer de Gol geschoss huet. Souvill huet en der jo och net geschoss fir d'Nationalekipp, duerfir kann ech mech gutt drun erënneren. Ech weess wuel, datt ech selwer mat nach enger Partie Spiller um Terrain gespillt hunn. Wat och e bëssen d'Aufgab e bësse méi kriddeleg mécht, wann een op eemol Trainer ass iwwert déi Spiller, mat deenen een virun zwee, dräi Joer virdrun nach selwer gespillt huet."
 
No senger Karriär als Spiller a Spiller-Trainer zu Beggen ass et dunn direkt op d'Trainerbänk vun de Roude Léiwe gaangen.
 
"Ech menge fir d'éischt war et natierlech, fir jo dann och direkt e bëssen, wéi ee seet, eng gewëssen Distanz zu deem Ganzen ze kréien, datt een net méi am Fong geholl ee Matspiller vun hinnen ass. Ech mengen dat war am Ufank, dat ass awer och schnell esou ukomm bei de Spiller, do waren eng ganz Partie erfuere Spiller. De Roby hu mir schonn ernimmt, de Carlo Weis, deen ech einfach esou aus dem Kapp ka soen, déi awer och wousste, wann et um Terrain, wann e Lännermatch war, ëm wat, datt et géif goen."
 
Fir de Jeff Strasser war et en Donneschdeg sécherlech eng ganz opreegend Première als Nationaltrainer. Wat d'Emotioune virun der Partie ugeet, weess de Paul Philipp och nach, wéi et viru 40 Joer war.

"Dat ass ganz speziell. Ech ka mech erënneren, wéi mir mam Bus op den Terrain gefuer sinn, hunn ech, wann een zur Fënster erauskuckt, da sinn natierlech d'Leit ganz normal iwwert den Trottoir gaangen, akafen oder wat och ëmmer. Ech war ganz erstaunt, well ech eeben a mengem Tunnel war, a menger Bull war, wéi ee seet, datt et och nach nieft deem Match nach aner Saache géife ginn, sou war een drop fokusséiert. Ech war virun all Match nervös, fir elo ganz éierlech ze sinn, mee den éischte Lännermatch haaptsächlech heiheem als verantwortlechen Trainer, ass schonn eppes Aussergewéinleches, awer och natierlech mat risegem Stress a souguer e bësse mat klenger Angscht verbonnen."
 
Um Enn stoung de fréiere Profi vun der Union Saint-Gilloise a vum Standard Léck 87 Mol un der Säitelinn vun de Roude Léiwen als Coach. Dobäi goufen et dräi Victoiren an aacht Remisen. De leschte Match als Nationaltrainer hat de Paul Philipp de 6. Oktober 2001 bei der 2:6-Defaite am deemolege Jugoslawien.