Um Méindeg de Moien huet déi international Basketballfederatioun FIBA d'Gruppe fir d'Pre-Qualifikatioun vun der Europameeschterschaft 2029 geloust.

10 Natiounen sinn Deel vun der Pre-Qualifikatioun. Lëtzebuerg trefft am Grupp A op Nord Mazedonien, Azerbaijan an Irland. Des Qualifikatioun gëtt insgesamt iwwer dräi Fënstere gespillt. Lass geet et am November 2025, duerno gëtt am Februar 2026 an am Juni 2026 weider gespillt. Véier vun den 10 Länner qualifizéiere sech fir den nächsten Tour vun der EM-Qualifikatioun.

Gruppen an der Iwwersiicht:

Grupp A:
Nord Mazedonien 
Lëtzebuerg
Irland
Azerbaijan

Grupp B:
Bulgarien
Armenien
Norwegen

Grupp C: 
Slowakei
Albanien
Kosovo