Éischte Spilldag vum Damme-Basket gëtt um INS gespillt

© Jeff Kettenmeyer
Um Méindegowend war déi offiziell Presentatioun mat Spillerinne vun alle siwen Ekippen aus der éischter Liga.
Fir den Damme-Basket ze promouvéieren huet d‘Lëtzebuerger Basketfederatioun decidéiert, den éischte Spilldag, sonndes den 21. September, op der selwechter Plaz ze spillen. Et gëtt sech erhofft, heiduerch eng grouss Zuel u Spectateure vun alle Veräiner an d‘Hal um INS ze kréien.
Moies um 11 Auer geet et lass an de leschte Match ass owes um hallwer 7 geplangt. Virun zwee Joer ass dës Iddi déi éischte Kéier entstanen, an dem FLBB President Samy Picard no ass et ee wichtege Schratt fir d‘Visibilitéit vum Damme-Basket an de Vierdergrond ze stellen.
D‘Matcher ginn och mat engem Ball gespillt, deen extra fir den éischte Spilldag een Design krut. Well mam Gréngewald sech eng Ekipp aus der ieweschter Divisioun zeréckgezunn huet, sinn et dës Saison just nach siwen Ekippen.
Dowéinst spillt de Basket Esch ee Frëndschaftsmatch géint Saarlouis.
D‘Matcher vum éischte Spilldag sinn: Musel Pikes géint Wolz, Steesel géint Konter an Diddeleng géint d‘Sparta.