Nach zwee Matcher bleiwen ze spillen an déi "Blo Haie" hu 4 Punkten Avance op den Tabellenzweeten. Eng eemoleg Chance, fir op hir éischt WM ze fueren.

Déi kapverdianesch Insele kommen hirem Dram vun enger éischter Participatioun un enger Futtballweltmeeschterschaft ëmmer méi no. Am Grupp D vun der Afrika-Qualifikatioun konnt den Inselstaat sech an der Haaptstad Praia mat 1:0 géint Kamerun duerchsetzen. Domat hu si, zwou Partië viru Schluss, véier Punkten Avance op d'Kameruner. Nom Schlusspaff hu sëllege Fans de Wues am Nationalstadion gestiermt.

Et liewe méi Leit mat kapverdianesche Wuerzelen ausserhalb, wéi op den néng bewunnten Inselen selwer. Dat spigelt sech och an der Nationalekipp erëm - kee vun de 27 Spiller spillt an der nationaler Liga, an d'Hallschent vun hinnen ass an engem anere Land op d'Welt komm. De gréisste sportleche Succès vun de "Bloen Haien" ware bis ewell d'Véierelsfinalle vun den Afrika-Meeschterschaften 2013 an 2024.

RTL

© QUEILA FERNANDES / AFP

Am Oktober brauch et fir de WM-Ticket ze léisen nach eng Victoire, entweder a Libyen oder doheem géint de klenge südafrikanesche Staat Eswatini, dee mat 2 Punkten um Enn vum Grupp D steet. Am Fall vun enger Qualifikatioun fir d'WM an den USA, Kanada a Mexiko wier de Cap Vert dat klengsten afrikanescht Land an der Geschicht vun der Weltmeeschterschaft.