Op en Neits Protester - Bernal gewënnt, 6. Plaz fir Jungels

© MIGUEL RIOPA / AFP
Wéinst pro-palästinensesche Protester op der Arrivée gouf d'Etapp ëm 8 Kilometer verkierzt. De Bob Jungels war laang mat an der Echappée vum Dag.
Op der 16. Etapp vun der Vuelta goung et iwwer 167,9 Kilometer vu Poio Richtung Mos. Castro de Herville. Ganz fréi hat sech eng Echappée vu 17 Coureure forméiert. Mat dobäi war de Lëtzebuerger Bob Jungels, donieft awer och ënner anerem säi Leader Egan Bernal, de Mikel Landa an de Marc Soler. De Spëtzegrupp konnt sech eng Avance vun iwwer 4 Minutten op de Peloton erausfueren.
Ronn 60 Kilometer virun der Arrivée huet de Mikel Landa probéiert, sech eleng ofzesetzen. 5 Coureure sinn a säi Rad gesprongen, dorënner ënner anerem de Egan Bernal. Den Ecart op de Verfolgergrupp ronderëm de Bob Jungels ass op ronn 30 Sekonne geklommen. De Peloton huet si fuere gelooss, d'Avance ass op iwwer 7 Minutten an d'Luucht gaangen.
De Verfolgergrupp huet sech an der Suite opgespléckt. De Marc Soler an de Finlay Pickering hu probéiert bäi de Spëtzegrupp bäizefueren. Ënner anerem de Bob Jungels gouf lachéiert. Virun der leschter Montée vum Dag hu sech de Mikel Landa an den Egan Bernal zu zwee Richtung Arrivée gemaach.
Wéinst pro-palästinensesche Protester virun der Arrivée gouf d'Etapp ëm 8 Kilometer verkierzt an do goufen och d'Zäite geholl. Den Egan Bernal konnt sech um Enn duerchsetzen, knapp virum Mikel Landa. De Bob Jungels koum mat engem Retard vun enger Minutt an 10 Sekonnen op déi 6. Plaz.
Am General bleift alles onverännert. Leader ass weiderhin de Jonas Vingegaard. Den Dän huet eng Avance vun 48 Sekonnen op de Joao Almeida. Drëtten ass den Thomas Piddcock op 2 Minutten 38. De Bob Jungels läit op Plaz 44.
E Mëttwoch geet et eng weider Kéier an d'Bierger. Da sinn 143,2 Kilometer vun O Barco de Valdeorras erop Richtung Arrivée zu Alto de El Morredero ze fueren.
Klassement vun der 16. Etapp
1 Bernal Egan INEOS Grenadiers 3:35:10
2 Landa Mikel Soudal Quick-Step ,,
3 Rolland Brieuc Groupama - FDJ 0:07
4 Denz Nico Red Bull - BORA - hansgrohe 1:02
5 Braz Afonso Clément Groupama - FDJ ,,
6 Jungels Bob INEOS Grenadiers 1:10
7 Vermaerke Kevin Team Picnic PostNL 1:12
8 Pickering Finlay Bahrain - Victorious ,,
9 Quinn Sean EF Education - EasyPost 2:48
10 Molard Rudy Groupama - FDJ ,,
Generalklassement
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 61:16:35
2 Almeida João UAE Team Emirates - XRG 0:48
3 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team 2:38
4 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 3:10
5 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 4:21
6 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 4:24
7 Riccitello Matthew Israel - Premier Tech 4:53
8 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike 5:46
9 Træen Torstein Bahrain - Victorious 6:33
10 Lecerf Junior Soudal Quick-Step 8:04
...
44. Jungels Bob INEOS Grenadiers 01:32:53