TriathlonDirk Bockel aus dem Kader vun der Federatioun ausgeschloss

Dës Decisioun huet d'FLTri schonn an hirer Conseilssëtzung den 28. Januar geholl. Um Donneschdeg de Mëtteg gouf si public gemaach.

Den Dirk Bockel, hei op den Olympesche Spiller 2008 zu Peking.© Roland Miny - pressphoto.rtl.lu (Archiv)
De Conseil vun der Federatioun huet also decidéiert, den Dirk Bockel aus dem Kader vun der FLTri, der Lëtzebuerger Triathlonsfederatioun, auszeschléissen a seet sech och net méi bereet, déi administrativ Partie vum Athlet senge Relatioune mam Sportministère, mat der Sportsektioun vun der Arméi a mam COSL weider ze iwwerhuelen.



Ausserdeem ass een der Meenung, den Dirk Bockel sollt net méi an d'Sportsektioun vun der Arméi bleiwen. Hei gëtt een en "Avis defavorable" of.

Op enger Pressekonferenz huet déi Lëtzebuerger Triathlon-Federatioun matgedeelt, dass den Dirk Bockel net méi am Kader vun der FLTRi ass. Et hätt een elo laang genuch no gekuckt an elo wier d'Faass iwwergelaf. Dem Athlet gi nawell vill Reproche gemaach. Zum engen sinn et Reprochen, wou et ëm dat rengt sportlecht geet. Zum aneren ass et ëmmer nees ëm d'Sue gaangen.

Wat dat Sportlecht ugeet, deet ee sech schwéier bei der FLTRi mam Programm, deen den Dirk Bockel fir d'Saison 2015 un d'Federatioun geschéckt huet.

Dem Dirk Bockel gëtt och virgeworf, dass hien praktesch ni hei zu Lëtzebuerg ass an och déi zwee lescht Joren net un den Depart vum Ironman op der Musel gaangen ass, dee jo och d'Lëtzebuerger Championnat war.

Als nébuleuse gëtt dem Dirk Bockel seng Finanzpolitik vis à vis vun der FLTRi beschriwwen. Op där enger Säit wier hien ee professionelle Sportler, deen vu senger Equipe a Sponsoren géif bezuelt ginn. Op der anerer Säit géif hien awer als Sportzaldot och nach eng Pai kréien. Hien géif also 2 Mol bezuelt ginn, sot de President vun der FLTRi, Claude Radoux.



Op Facebook seet sech de concernéierten Athlet iwwerrascht ...



© Rich Simon


Bockel aus dem Kader geheit (05.02.2015)
De Conseil vun der Federatioun huet also decidéiert, den Dirk Bockel aus dem Kader vun der FLTri, der Lëtzebuerger Triathlonsfederatioun, auszeschléissen.