Eng grouss Passioun fir de Cyclocross
Nieft dem Marie Schreiber ginn et hei zu Lëtzebuerg nach e puer Fraen, déi eng Passioun fir de Cyclocross hunn.
Zu hinne gehéiere sécher d'Liv Wenzel an d'Maïté Barthels. Allebéid war si de leschte Sonndeg beim internationale Cyclocross zu Conter um Depart.
D'Liv Wenzel huet scho fréi an hirer Jugend mam Vëlossport ugefaangen an huet hir éischt Tier am Schëfflenger Veräi gedréit. Si ass iwwer hire Papp a Grousselteren, déi vu Schëffleng kommen, a Kontakt mam Romain Gastauer, dem Papp vum Ben Gastauer a fréieren Trainer vum Schëfflenger Club, komm. Déi 21 Joer al Sportlerin wëll Cross a Stroossecoursse sou gutt wéi méiglech kombinéieren a géif an Zukunft gären de Wee an de Profisport fannen. Dat ass hirem Brudder Mats scho gegléckt. Zil ass et, lo am Wanter bei den internationale Crossen a besonnesch der Weltmeeschterschaft vun den Espoir-Damme gutt ofzeschneiden. No enger Paus war de Cross zu Conter e gudden Test. Si konnt sech als éischt Espoir an drëtt vun der ganzer Course klasséieren.
Genee wéi d'Liv Wenzel kënnt och d'Maïté Barthels aus enger sportbegeeschterter Famill. Souwuel hir Mam wéi och hire Papp waren an der Vergaangenheet national Championen am Vëlossport a sinn och nach haut vill mat hire Meedercher op de Courssen ënnerwee. Éier déi 23 Joer al Cyclistin bei de Vëlossport komm ass, huet si Liichtathletik gemaach. Hiert Häerz schléit fir de Cyclocross. Dës Disziplin, déi Technik, Ausdauer a Kraaft kombinéiert wéi wéineg anerer, bitt och en ofwiesslungsräichen Training. Fir d'Maïté Barthels ass de Wanter deemno d'Haaptsaison. Si probéiert, sou vill wéi méiglech international Crossen ze fueren an ass och bei de Weltcup-Courssen am Asaz. Fir si war et zu Conter déi gutt 6. Plaz.